Céline Dion verzaubert Paräis bei der Erëffnung vun den Olympesche Spiller

© AFP
D’Sängerin ass zeréck – zu Paräis huet d’Céline Dion bei der Erëffnung vun den Olympesche Spiller hire Comeback gefeiert.
Fir d’éischte Kéier zanter véier Joer stoung d’Céline Dion e Freideg den Owend nees op der Bün. Bei der Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller huet si vun enger Bün um Eiffeltuerm aus de grousse Klassiker "L'Hymne à l'amour" vun der franséischer Chanson-Ikon Edith Piaf gesongen.
Si huet sech e Freideg den Owend net vun hirer Krankheet an och net vum ville Reen ophale gelooss. D'Kanadierin huet mat hirem Optrëtt nach emol fir een absolutten Héichpunkt um Enn vun der souwisou scho spektakulärer Erëffnungszeremonie gesuergt.
Fir d'Céline Dion war et net deen éischten Optrëtt bei enger Erëffnungszeremonie vun Olympesche Spiller.
An de leschte Jore war et roueg ginn ëm déi 56 Joer al Sängerin. 2022 hat so bekannt ginn, datt si ënnert dem onheelbare "Stiff-Person-Syndrom" leit. Bei der Nervekrankheet versteifen a verkrampfe sech d'Muskelen.