Duerch Filmer wéi "Déi Zwee vum Bierg", "Rusty Boys" respektiv aus verschidde Publicitéite fir Assurancë war de Fernand Fox eent vun de bekanntste Gesiichter am Land.

Lëtzebuerger Schauspiller Fernand Fox am Alter vun 90 Joer gestuerwen
Duerch Filmer wéi "Déi Zwee vum Bierg", "Rusty Boys" respektiv aus verschidde Publicitéite fir Assurancë war de Fernand Fox eent vun de bekanntste Gesiichter am

Am Alter vun 90 Joer ass den Acteur a Sänger Fernand Fox e Méindeg den 23. September 2024 gestuerwen. Mat him verléiert d'Lëtzebuerger Kulturwelt ee vu senge populäersten a bekanntste Schauspiller. Op der Theaterbün, virun der Film- an Tëleekamera: de Foxe Fern, wéi hien iwwerall genannt gouf, huet ëmmer a senge Rollen iwwerzeegt. Och an där vum Wiert hannert dem Comptoir. D'Christiane Kremer erënnert un e grousst Stéck Lëtzebuerg.

Den Hommage geet weider um Mëttwoch um 1. RTL um 20 Auer mat "Rusty Boys" an e Samschdeg um 20 Auer mat "Déi Zwéi vum Bierg".

Säin Talent gouf fréi erkannt

De 26. Januar 1934 ass de Fernand Fox zu Bollenduerf-Bréck op d'Welt komm. Do huet hie scho mat der Jugend Theater gespillt an och Regie gefouert. An der Stad, wou hien hi geplënnert a schaffe gaangen ass, huet et hien an den 1950er Joren an den Theater gezunn an heemlech huet hie gehofft, och eemol op deene Brieder ze stoen.

D'Geleeënheet krut hien 1956 bei sengem Patron, der Interbank, déi fir hire Centenaire ze feieren, hir Beamten optriede gelooss huet an enger grousser Revue, déi am Stater Casino gewise gouf. Ënnert de ganz Intresséierte war och den Eugène Heinen, den Initiateur a Regisseur vum "Ensembel Les Compagnons de la Scène", aus deenen de Lëtzebuerger Theater entstanen ass. Him ass d'Talent vum Fernand Fox direkt opgefall an hien huet net gezéckt, hie fir seng Produktiounen ze gewannen. De jonke Mann huet sech an Dictiouns- an Art-Dramatiques-Coursë weider forméiert.

Domadder ass eng markant national Karriär entstanen. De Fernand Fox stoung a Revuen an an Theaterstécker op der Bün. Besonnesch säi komescht Talent koum beim Publikum gutt un, als Schauspiller, mee och als Sänger.

"Du spënns'' aus dem Joer 1981
Gesang: Fernand Fox an Aly Bintz Piano: Tony Schuster

Iwwerstonne fir seng Passioun

De Fernand Fox wollt awer och eng nei Erausfuerderung an huet sech, wéi vill anerer, vum Eugène Heinen lassgesot. Sou war hie virun allem am Kasemattentheater vum Tun Deutsch aktiv, mat deem hien och an der Saison 1975/76 an der Produktioun "Die Emigranten" ze gesi war. Et war de wuel gréisste Succès vum Theater an och déi perséinlech gréissten Erausfuerderung fir den Acteur Fernand Fox. Et blouf fir ëmmer säin Häerzensprojet. Do huet hie bewisen, datt hien och eescht Rolle konnt oder och tragikomescher, wéi am Pol Greisch senge Stécker, zum Beispill "Grouss Vakanz" (1980). Trotz de ville gudde Kriticken ass hien ëmmer Amateurschauspiller bliwwen. Een, deen am Dag schaffe gaangen - no der Bank bei der Arbed - an dann owes geprouft, respektiv gespillt huet.

De Fernand Fox iwwert seng laang Deeg

Am Joer 2014 huet hie sech an engem Interview op der RTL-Antenn un déi laang Deeg erënnert:

"Also et war eng Zäit, wou ech jonk war a wou ech net vill vu menger Jugend hat. Wou anerer erausgaange sinn, sinn ech ëm 18 Auer vun der Aarbecht komm, ech si séier heem eppes iesse gaangen, um 19 Auer hat ech Prouf, déi ass meeschtens gaange bis 22, 23 Auer. Jo, da si mer natierlech nach duerno een huele gaangen zesummen, an dann ass et och ganz oft spéit ginn. Déi Zäit hunn ech ëmmer séier wéineg geschlof, vläicht fënnef Stonnen d'Nuecht. Dat war all Owend dann 1 Auer, bis de an d'Bett komm bass. Mir waren Amateuren, alleguer. Mir hunn Theater gemaach, mee als Amateur, mir haten alleguer e Beruff. All déi matgespillt hunn, do war keen een, deen net geschafft huet am Dag."

Duerch d'Tëlee ass hien engem breede Public bekannt ginn

Sou richteg populär gouf de Fernand Fox awer vrun allem och duerch seng Tëlee-Optrëtter, souwuel a Sketcher um "Hei Elei Kuck Elei", wéi och a Publicitéiten un der Säit vum Marc Olinger, déi reegelrechte Kult goufen. Datt d'Sketcher an der Tëlee esou vill méi Opmierksamkeet kruten, wéi seng Optrëtter am Theater, huet de Fernand Fox e bësse schued fonnt.

De Fernand Fox iwwert den Theater

"Et ass jo méi eng Leeschtung, wann s de ganz Theaterstécker spills a gutt Theaterstécker, wéi wann s de ee Sketch méchs, dee ganz kuerz ass. An do hunn ech mech ëmmer e bëssen driwwer opgereegt, datt ech zéng Joer Theater gespillt hunn, wou ech scho bal vun Ufank un d'Haaptrollen hat - déi zweet, drëtt Joer schonn hunn ech d'Haaptrollen ëmmer gehat. Mä do huet och kee Mënsch dech weider kannt, wéi just déi puer Leit, déi an den Theater komm sinn. An do huet weider nach kee reagéiert. Mä du wars nach keen halleft Joer oder zwee dräi Méint op der Tëlee, do huet scho jiddereen der Moie gesot. Also dat geet esou séier. An et ass schued, et gëtt ee meeschtens dann natierlech ëmmer nëmmen taxéiert no der Tëlee, wat s de do gemaach hues, awer net iwwer deng Leeschtung am Theater."

Hien huet och an RTL-Filmproduktiounen a mat senger Presenz iwwerzeegt - besonnesch an Erënnerung bleift seng Roll als Gielemännchen am Film "Déi Zwee vum Bierg".

Och a spéide Jore war de Fernand Fox nach aktiv

Eng aner Roll war um Enn vu sengem Beruffsliewen déi vum Wiert an der Theaterstuff um Lampertsbierg - eng Plaz, wou bis 1990 geprost, diskutéiert a Cabaret presentéiert gouf a wou dem Fernand Fox säi Liewenspartner Carlo Fetler mat hannert dem Comptoir stoung.

Als Pensionär a bis 2017 huet een de Fernand Fox weider an diversen Theaterrolle gesinn, wéi am Ensembel Fräie Vollekstheater nieft Marc Olinger, Luc Feit a Josiane Peiffer ënnert der Regie vum Frank Feitler an och ëmmer nees a Filmer, besonnesch deene vum Andy Bausch. Deem seng "Rusty Boys" waren 2017 seng lescht Produktioun.

RTL

De Fernand Fox op der Avant-Première vum Film "Rusty Boys" vum Andy Bausch am Januar 2017. / © Pressfoto

De Fernand Fox bléckt zeréck op säi Liewen

"Zu gudder Lescht, ech hunn opgehale mat spillen, well ech hat einfach de Stress net méi wollt hunn, déi vill Prouwen a sou. Mä ech si ganz zefridde mat där Karriär, déi ech gemaach hunn, obwuel datt ech net am Ausland war an net Beruffschausspiller war, mä ech hat sou e flott Liewen an ech konnt esou vill spille wat ech wollt. Theater, an ech hu jo och e bëssen alles gemaach, ech hu Cabaret gemaach, ech hunn Tëlee gemaach, ech hu Filmer gemaach. Ech si restlos zefridde mat mengem Liewen a mat menger Karriär, wann een et esou kann nennen."

Mam Fernand Fox verléiert Lëtzebuerg ee vu senge ganz populäre Schauspiller a privat e jovialen, gesellegen a witzege Kärel, dee gär säin Himpchen a seng Zigarett genoss huet. Oder fir et fräi nom Motto vun der bekannter Assurancë-Publicitéit ze soen, an där hie jorelaang säi komescht Talent gewisen huet: "Zu gudder Lescht, dach dee Beschten."

Senger Famill eist häerzlecht Bäileed.

D'Begriefnis-Mass vum Fernand Fox ass e Méindeg 30. September um 16 Auer zu Ettelbréck an der Parkierch.