Seoul erënnert un d’Lëtzebuerger Koreakämpfer
Am Krichsmemorial an der südkoreanescher Haaptstad ass den Ament eng kleng Ausstellung iwwer déi fräiwëlleg Zaldoten aus dem Grand-Duché ze gesinn.
Gefillten Temperature vun an déi 40 Grad, rout a gréng Luuchten an den Trëttoir virun Zebrasträifen (fir déi, déi hir Guckelcher net kënne vum Smartphone loossen), faarweg Gardë virun den ale Palaisen an eng Iesskultur tëscht traditionellem Kimchi a moderne Vanilla-Latteën – als europäeschen Tourist kann een iwwer villes staunen, wat een an der südkoreanescher Haaptstad Seoul erlieft. Als Lëtzebuerger dierft een awer am meeschten iwwerrascht sinn, wann een den Ament an de War Memorial geet. Doran erënnert sech Südkorea un déi vill Kricher, déi d'Land am Laf vun de Joerhonnerte gefouert huet.
De Bléck an d’Geschicht geet wäit no hannen, et gëtt un al Feldhären erënnert, déi dem Cliché vun asiatesche Krigeren entspriechen. Am Mëttelpunkt steet awer – wéi kéint et aneschters sinn? – de Koreakrich am 20. Joerhonnert. Dat verdäitlecht och schonn d’Konfiguratioun baussent dem Memorial: Ronderëm de grousse Parvis erënnere Stèlen un all d’Länner, déi am Krich un der Säit vu Südkorea gekämpft hunn. Lëtzebuerg huet do eng eege Stèle an och d’Belsch, déi och un d’Lëtzebuerger Participatioun erënnert.
Op engem gréisseren Areal nieft dem eigentleche Gebai ass Krichsgeschier ausgestallt – Schëffer, Fligeren, Helikopteren an och eng Rëtsch Panzeren. Am Gebai selwer fänkt de Parcours kontemplativ un, mat engem Appel un de Fridden, duerno gëtt een dann duerch Joerhonnerte voller Ausernanersetzunge geféiert, éier et dann en détail ëm de Korea-Krich Ufanks den 1950er-Jore geet. Et war e klassesche Stellvertrieder-Krich tëscht den deemolege politesche Bléck, deementspriechend vill huet sech d’Ausland agemëscht: D’UN a virun allem d’USA hunn dem Süde gehollef, absënns China stoung op der Säit vum Norden.

Resultat: vill Leed op béide Säiten an e Land, dat bis haut gedeelt ass. Nërdlech vu Seoul verleeft d’DMZ, séi sougenannten Demilitarized Zone, eng vun de beschtbewaachte Grenzen op der Welt. Eenzegen offizielle Kontaktpunkt: Panmunjom, aktuell ass dës Joint Security Area awer fir touristesch Visitte gespaart, well am Juli zejoert en US-Zaldot iwwergelaf ass, vum Süden an den Norden, also an d’Diktatur vum Kim Jong Un.
Eréischt 2025 sollen nees Touren op Panmunjom méiglech sinn, am Ablack ginn an der südkoreanescher Haaptstad dofir virun allem Toure mat aneren DMZ-Highlighten ugebueden.
Vu Lëtzebuerg op Seoul
An der Memorial-Expo ginn d’Grënn vum Konflikt erkläert, d’Reaktioun vun de Vereenten Natioune gëtt duergeluecht an et gëtt genee gewisen, wéi eng Natioune sech fir wien engagéiert hunn. Bis haut ass Südkorea deene Leit a Länner dankbar, déi sech deemools fir et agesat hunn – ouni datt se woussten, op wat se sech géifen aloossen, ouni datt se d’Leit, fir déi se an de Krich gezu sinn, gekannt hätten, einfach, fir hir Fräiheet ze verdeedegen.
Um Enn vun der Abteilung Korea-Krich kënne sech déi (jonk) Visiteure Stempele mat de Fändele vun deene Länner, déi Südkorea ënnerstëtzt hunn, maachen ... an da sti se virun deem dach iwwerraschende Choix: Béien ech no lénks of a ginn an e ganz däischteren Aile mat den nordkoreanesche Provokatiounen oder ginn ech riichtaus an informéiere mech iwwer de Lëtzebuerger Bäitrag am Koreakrich an der klenger Extra-Expo mam Titel “Luxembourg’s Volunteers in the Korean War” – ze gesinn nach bis den 29. September.

Hei kréien déi plakeg Zuele vum Parvis an aus der Expo Gesiichter: Tëscht 1951 an 1953 ware 85 fräiwëlleg Zaldote vu Lëtzebuerg op der koreanescher Hallefinsel engagéiert, 17 goufen der blesséiert, zwee hunn der do hiert Liewe gelooss – de Sergeant Robert Mores an de Kaperol Roger Stütz. Proportional zu der Bevëlkerung hätt Lëtzebuerg deen héchste Bäitrag vun enger auslännescher Natioun geleescht, heescht et an der klenger Ausstellung, déi esou änlech och ewell am Dikrecher Militärmusée ze gesi war (2022-2023) – natierlech ouni d’Erklärungen op Koreanesch – an déi och vu Veteranen gradesou wéi vum Ierfgroussherzog Guillaume an dem deemolege Premier Xavier Bettel besicht gouf.
"Villmools merci Friends of Luxembourg"
Déi kleng Expo geet awer och drop an, datt vill Koreakämpfer enttäuscht waren, datt de Krich an hirer Heemecht esou séier an de Vergiess geroden ass an zu Lëtzebuerg net weider present ass an der Mémoire collective – Stéchwuert "E vergiessene Krich", wéi et an der Ausstellung heescht. Dobäi gëtt um Fouss vun der Gëlle Fra un de Krich erënnert an um Graf vun den zwee Doudesaffer goufen am Mäerz 2024 zwou Placken ubruecht.
An nieft der temporärer Expo am War Memorial zu Seoul stinn zwou grousseg Gerben, op deenen eemol op Koreanesch an eemol op Lëtzebuergesch/Englesch ze liesen ass: "Villmools merci Friends of Luxembourg." Déi koreanesch Dankbarkeet ass Land a Leit nach laang gewëss.

Iwweregens huet Lëtzebuerg zanter Juli eng Ambassade zu Seoul. Den Ausseminister Xavier Bettel an d'Recherche- an Digitalisatiounsministesch Stéphanie Obertin ware bei der offizieller Inauguratioun derbäi. An deem Kader war och d'Korea-Expo opgemaach ginn.