En Dënschdeg war de Lëtzebuerger Premier zum Ofschloss vu senger Rees fir een Ament an Nordkorea. Andréck vun enger absurder a liewensgeféierlecher Plaz.

Wann d'Situatioun net esou dramatesch eescht wier, da kéint ee mengen, et wier een an engem Theaterstéck vum Eugène Ionesco gelant. Engem absurden Theaterstéck. Ma dat hei ass keen Theater. Dat hei ass Realitéit. Absurd Realitéit.

VIDEO: Südkorea: Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel - Dënschdeg (1)
Onkommentéiert Andréck vun der Visitt vum Premier vum Grenziwwergang Panmunjeom un der nordkoreanescher Grenz.

Ronn eng Stonn fiert ee mam Auto iwwert d'Autobunn vun der südkoreanescher Haaptstad Seoul bis un d'Demarkatiounslinn, déi d'koreanesch Hallefinsel an e südlechen an, an en nërdlechen Deel spléckt. Just eng Stonn, fir eng aner Welt ze erreechen, fir an enger anerer Wierklechkeet ze landen. Dee radikale Changement de décor huet och de Lëtzebuerger Premier fir den Ofschloss vu senger kuerzer Aarbechtsvisitt a Südkorea en Dënschdeg de Moien (Lokalzäit) gewot.

VIDEO: Südkorea: Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel - Dënschdeg (2)
De Premier Xavier Bettel am Interview zu Panmunjeom, engem Grenziwwergang tëscht Süd- an Nordkorea.

Wat een dem 38. Breedegrad méi no kënnt, wat engem an der Landschaft ëmmer méi Zénk a Wuechttierm opfalen. Zum Schluss sti Bëtongsbléck an de Stroossen, esou datt ee vill kéiere muss, fir laanschtzekommen. Ëmmer méi Militärgefierer dauchen op, ëmmer méi Kontrollposten. Op engem steet geschriwwen: Happy Together Strong. Glécklech Zesumme Staark.

VIDEO: Lëtzebuerg an de Koreakrich an 90 Sekonnen erkläert
De Premier Xavier Bettel ass fir 3 Deeg op Aarbechtsvisitt a Südkorea.

Wann een déi bannekoreanesch Grenz kucke goe wëll, aus dem Süden, versteet sech, da féiert kee Wee laanscht d'Joint Security Area, kuerz JSA. Do sinn Uno-Zaldote stationéiert an déi weisen engem och d'Grenz. D'lescht Joer si sech déi eng 126.000 Leit am Camp Bonifas bei der JSA ukucke komm. An engem klenge buddhisteschen Tempel gëtt do iwwregens och un déi zwee Lëtzebuerger geduecht, déi am Korea-Krich gefall sinn.

Virun der eigentlecher Grenzbesichtegung gëtt et e puer Informatiounen iwwer d'Geschicht, duerno nach e sëllechen Instruktiounen, wéi ee sech um Trip ze behuelen huet, da bréngt ee vun engem Militärgefier eskortéierte Bus een op de Grenziwwergang Panmunjeom.

De Set-up do ass wierklech surreal: Op der südlecher Säit gëtt et e gréissert Gebai, dat eemol geduecht war, datt béid Länner a Kontakt bleiwe kéinten. Ma den Norden huet d'Gebai net ugeholl an huet selwer eent opgeriicht – eent a stalinisteschem Look.

Tëscht de Gebaier verleeft d'Grenz, do virdrunner op all Säit eng kleng Strooss. Op südkoreanescher Säit duerf een do och fotograféieren, awer just Richtung Norden. Net Richtung Süden, et kéint ee jo eppes weisen, wat ee virum Norde geheim hale wëll.

RTL

Zu Panmunjeom: Bléck vu Südkorea Richtung Nordkorea. D'Holz markéiert d'Grenz. An de bloe Baracke kann ee sech begéinen. Blohelmzaldote passen op. / © lm

Och d'Lëtzebuerger Delegatioun, déi en Dënschdeg de Moie mam Premier do war, huet Fotoe gemaach, ma se hat knapps ugefaangen, du war Mouvement op der nordkoreanescher Säit ze gesinn – zwee Zaldote sinn d'Trap erofgehéisst an hunn d'Lëtzebuerger mat enger Spektiv beobacht. Si ware keng 20 Meter ewech ... Si wousste wuel schonn, wien den héije Besuch déi aner Säit wier - och wa se sécher een Ament gezéckt hunn, wien dann elo de Premier wier, well deen huet et sech net huele gelooss, selwer eng Foto vun der ganzer Lëtzebuerger Delegatioun ze maachen. Mam Fotoapparat vum offizielle Fotograf!

D'Grenz selwer gëtt duerch eng hëlzen Dunn markéiert, si ass just e puer Meter vun de klenge Stroossen op béide Säiten ewech. An et gëtt souguer eng Manéier, offiziell iwwer d'Grenz ze goen. Um Grenziwwergang Panmunjeom stinn nämlech e puer Baracke queesch op der Grenz. An anere Wierder, an deem enge Land geet een eran, an deem anere kënnt een eraus. Theoretesch, well esou séier ass een awer net an Nordkorea. An der Barack stinn nämlech zwee südkoreanesch Zaldoten, granzege Bléck, ouni sech ze réieren, ouni eng Minn ze verzéien, ouni Kontakt opzehuelen, d'Äerm an d'Hänn awer ugespaant – si wëlle wuel maximal bedrolech wierken – och wann d'Situatioun bal droleg ass ... wier se net esou eescht!

"This is crazy!" Sou huet de Xavier Bettel d'Situatioun an der Barack kommentéiert. Wéi nämlech d'Lëtzebuerger Delegatioun dra war, hunn déi nordkoreanesch Zaldote vu bausse duerch d'Fënster mat hirer Spektiv geluusst. A wuel och alles enregistréiert.

Bannen hunn US-Zaldoten erkläert, wat den Alldag zu Panmunjeom ass: Den Norde géif Propagandasendunge Richtung Süde funken an de Süde Richtung Norden. A fréier hätten nordkoreanesch Visiteuren an de Baracken dacks hir Schong op de Fändele vun den UN-Natiounen ofgemaach oder drop gespaut, dofir hätt een déi elo un enger Mauer festgemaach. Et misst een dauernd op Provokatiounen aus dem Norde gefaasst sinn, eréischt viru Kuerzem wiere souguer Schëss gefall ...

Op engem Aussiichtspunkt niewendru kann een e "Propaganda Village" vum Norde gesinn, d'Lëtzebuerger hu vun enger Geeschterstad geschwat - mat engem risege Mast fir e risegen nordkoreanesche Fändel. De Mast ass 160 Meter héich, domat ass et dee véierthéchste Fändelmast op der Welt, de Fändel selwer soll 270 Kilogramm weien. Et handelt sech ëm Kijŏng-dong, vun Nordkorea als Friddensduerf bezeechent. Et ass eent vun zwee nordkoreaneschen Dierfer an der DMZ, der demilitariséierter Zon.

D'DMZ ass eng 4 Kilometer breet Sträif, duerch déi déi ronn 240 Kilometer laang koreanesch Grenz verleeft - 2 km am Norden an 2 km am Süde sinn demilitariséiert, dobäi ass d'Grenz eng vun de beschtbewaachten op der ganzer Welt.

De Xavier Bettel war ganz beandrockt vum Besuch an der Joint Security Area - et wier e Relikt vum Kale Krich, wou nach ëmmer zwou ënnerschiddlech Weltopfaassungen openeestoussen.

VIDEO: Südkorea: Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel - Méindeg
Ëm wirtschaftlech Bezéiungen an ëm politesch relatioune goung et um zweeten Dag vun der Visitt zu Seoul.
VIDEO: Südkorea: Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel - Sonndeg
Eng Visitt, fir politesch Relatiounen ze verdéiwen an ekonomesch Partenariater auszebauen, déi awer fir déi lëtzebuergesch Gäscht ongewinnt ugefaangen huet.