Den Ausseminister Xavier Bettel an d'Recherche- an Digitalisatiounsministesch Stéphanie Obertin waren zu Seoul bei der offizieller Inauguratioun dobäi.

An deem Kader gouf och bekannt, dass och d'Südkoreaner eng Ambassade hei am Land wäerten opmaachen. Et wier e Beweis vun enger staarker Frëndschaft tëscht eise béide Länner, heescht et an engem Communiqué vun e Mëttwochmoien.

Elo am Juli, am August an och am September ass am nationale Krichsmusée zu Seoul och eng Ausstellung iwwer d'Lëtzebuerger Fräiwëlleger am Korea-Krich, déi vum Militär-Musée zu Dikrech organiséiert gouf. 85 Lëtzebuerger Zaldote waren Ufank de 50er-Joren am Korea-Krich. 17 vun hinne goufen deemools blesséiert, zwee waren ëmkomm.