17. Editioun vum Ciné-East Film Festival zu Lëtzebuerg

© www.cineast.lu
Mat méi wéi 100 Filmer, enger Fotoausstellung, engem Filmconcours, Live-Performances a villem méi start de Ciné-East Festival an déi 17. Editioun.
Offiziell Erëffnung vum Ciné-East Festival, deen dëst Joer säi Fokus verstäerkt op Kroatien an d‘Ukrain geluecht huet, war den 3. Oktober am Kinepolis Kierchbierg. Mat méi wéi 120 Virféierunge vu ronn 65 Filmer a 45 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa invitéiert de Festival op seng 17. Editioun. Zum Programm gehéieren nach eng grouss Fotosausstellung am Neimënster, Kino-Debatten, Live Concerten an eng Presence vun em déi 30 Gäscht aus der Filmbranche.
D’Filmer, wéi och déi aner Eventer vum Festival gi verdeelt a verschiddene Kinoen an aner kulturelle Raimlechkeeten uechter d’Land oder online gewisen. Um Programm stinn dëst Joer e puer ukrainesch Filmer wéi ënner anerem "Porcelain War" vun de Regisseure Brendan Bellomo an dem Slava Leontyev. De Film gouf 2024 als beschten Dokumentarfilm um Sundance-Festival gekréint.
De 4. Oktober konnt een am Ciné Utopia de Film "This Is Not A Love Song" ze gesinn. Dëse gouf am Kader vum kroateschen Owend gewisen, wou een nom Film nach op ee Patt a puer kroatesche Spezialitéiten invitéiert gouf. D’Haaptduerstellerin Lana Barić wäert och sur place sinn. Parallel dozou ginn an der Cinemathéik zwee Filmer gewisen, déi an enger Competitioun zoueneen untrieden: "Minghun" an "Holy Week".
Am Kader vun der Competitioun triede wärend dem Festival am Ganze siwe Filmer géinteneen un. Zwou Jurye kréinen um Enn vum Festival hir Favoritten a verdeelen Awards a verschiddene Gattungen. Hei gëtt et emol déi internationaler Jury, vertruede vu fënnef Regisseuren a Schauspiller an der Presse-Jury, dorënner dräi national an international Journalisten.
De Ciné-East Festival weist nach bis den 20. Oktober eng immens differenzéiert Auswiel u Filmer, mä och aner Eventer, wéi zum Beispill ee Kino-Concert vun der kroatescher Jazzband Chui, déi mat hirer Livemusek de bemierkenswäerte Film "Berlin: Die Sinfonie der Großstadt" von Walter Ruttmann aus dem Joer 1927 begleede wäerten. A wie sech fir Fotografie intresséiert, ka sech ganz am Kader vum Festival am Neimënster d’Expo "United we stand" ukucke goen. Hei presentéiere véier Fotografen aus Ost- a Mëtteleuropa hier Interpretatioun vu verschiddenen Theme wéi dem Ukrain-Krich oder anere soziopoliteschen Themen an Osteuropa. Méi Infoen zu der Ausstellung ginn et um Site vun Neimënster oder e Samschdeg Owend an der Emissioun No Art On Air.
Wie sech de ganze Programm vum Festival ukucken oder erofluede wëll, kann dat um Site vum CinEast Festival.

© www.cineast.lu