Live-Hörspill mam Titel "Apoplexie"
Am Kasemattentheater leeft um Donneschdeg eng nei Produktioun vum Claire Thill un, bei där net d’Schauspillerei, mee den Toun am Mëttelpunkt steet.
D’Isabelle Gillen war bei de Prouwen dobäi a konnt sech ukucken, wéi et hannert de Kulisse bei esou enger Produktioun ofleeft.
Apoplexie zielt d’Geschicht vun enger jonker Fra, déi d’Haus vun hirem verstuerwene Papp ausraumt an dobäi ëmmer rëm mat hirer Vergaangenheet konfrontéiert gëtt. Dat Ganzt hëlt d’Form vun engem surreale Road Movie am Stil vum Stephen King an David Lynch.
D’Iddi staamt aus enger Zäit, an där d’Realisatrice selwer vill mam Auto ënnerwee war an dobäi Krimi-Podcaste gelauschtert huet. Elo gëllt et allerdéngs déi ganz Geschicht zeenesch, mat Toun a Luucht op d’Bün ze bréngen.
Nieft der Musek gespillt vum Catherine Kontz, de Sound Effects, fir déi d’Céline Bernard zoustänneg ass an natierlech der Stëmm, geschwat vum Rahel Jankowski, ass e wichtegen Deel vun engem Live-Hörspill och d’Luucht, déi den Toun ënnerstëtzt.
Och wann et keng klassesch Theateropféierung ass, well fir de Spectateur just eng Leinwand op déi d’Luuchte projezéiert ginn ze gesinn ass, lafen d’Prouwen am Hannergrond op Héichtoure fir eng spannend Produktioun ze realiséieren. Den 10., 15., 17. an 18. Oktober kann een Apoplexie an de Kasemattentheater lauschtere goen.