LuxFilmFestChef meets Chef: Wa Musek a Kino openeen treffen

Isabelle Gillen
Bei Chef meets Chef, dat am Kader vum Luxembourg City Film Festival zesumme mam Cercle Cité organiséiert gëtt, geet et ëm en interaktiivt Evenement, bei deem de Public aktiv matentscheet.
© luxfilmfest.lu

Déi fiktiv Geschicht vum Evenement ass déi heiten: Der Schauspillerin Céline Camara hire neie Film feiert am Cerlce Cité seng Première, ma just iert et mat der Virstellung soll lass goen, geet déi original Musek verluer. Doropshi gëtt den Orchesterchef Bertie Baigent dobäi geruff, fir ze hëllefen. Tëschent der Schauspillerin an dem Museker entstinn Tensiounen a schlussendlech muss de Public mat aktiv ginn an dierf entscheeden, wéi eng Musek dann elo vum OCL, dem Orchestre de Chambre Luxembourg, op der Platz gespillt gëtt.

Wat kritt den Orchester ze spillen?
Wat kritt den Orchester ze spillen?
© Bohumil KOSTOHRYZ vdl.lu

Esou entsteet en eenzegaartege Concert, deen all Kéier anescht ass. Direkt zweemol kann een dëse Spektakel den 13. Mäerz erliewen. Um 12.30 Auer an nach eng Kéier méi spéit um 19.30 Auer, jeeweils am Cercle Cité an der Stad. HEI all d’Informatiounen.

De ganze Programm vum LuxembourgCity FilmFestival ass och nach bis de 15. Mäerz z’entdecken.

Back to Top
CIM LOGO