
12 Regisseurinnen a Regisseure kréie bei de “Quickies” d’Méiglechkeet, en eegene Kuerzfilm vu ronn 10 Minutten ze produzéieren. Wéi scho bei de leschten zwou Editiounen, kann ee sech och dëst Joer nees op déi ënnerschiddlechst Filmer freeën.
Ënnert de Produzente vun der drëtter Editioun fënnt een den Elif San, d’Elisabet Johannesdottir, d’Geneviève Mersch, d’Jiyun Jeong an d’Johana Kowalewski, d’Lis Doster, d’Livja Pjetra, d’Lucie Wahl, d’Maja Juric an de Luc Spada, d’Nina Bodry, d’Nora Kehli, de Frederico Majerus an de Marcello Merletto.
Um Luxembourg City Film Festival ginn all déi nei Kuerzfilmer den 13. Mäerz am Kinepolis um Kierchbierg gewisen. D’Quickies gi vum Film Fund a vun RTL ënnerstëtzt. Nom Screening wäerten déi eenzel Filmer dann och deemnächst am Passepartout an op RTL Play ze gesi sinn.
D’Filmer aus der Quickies Season 1 fannt Dir och elo schonn op RTL Play.
De komplette Programm vum Film-Festival leeft nach bis de 15. Mäerz.