Eenzegaarteg Light-Show "THE WALL" viru Beeforter Festungsmauer
Um Event "THE WALL" konnt ee sech dëse Weekend zu Beefort déi restauréiert Festungsmauer vun der mëttelalterlecher Buerg ukucke goen.
Am Kader vun der Restauratioun vun der Beeforter Buergmauer konnt ee sech dëse Weekend op eng Open-Air-Light-Show, Video-Mapping a verschidde Museker freeën, déi live dozou opgetruede sinn.
D’Restauratioun vun der Buergmauer war néideg, well dës 2021 wéinst dem Héichwaasser zesummegefall war. Sëllege Leit a Firmen hu beim Opbau vun der Mauer matgehollef, dorënner d'Waasserwirtschaftsamt, Réibauer, Ingenieuren a Spezialiste wéi Bauhistoriker an Archeologen. Dat alles war wichteg, fir dass de Stee vun der neier Mauer zum Rescht vun der Buerg passt, sou de Patrick Diederich, Architect-Conservateur vum Institut national pour le patrimoine architectural.
"THE WALL" huet de Spectateuren eng eenzegaarteg Light-Show a Video-Mapping vum Melting Pol gebueden. Passend dozou si Museker opgetrueden, dorënner de Lëtzebuerger Rapper SIXO, den Cellist André Mergenthaler, de Violonist All Reitz Reserved an de Music Producer Sun Glitters. Zesumme mam CML wëllen d'Beeforter Schlassfrënn weider flott Aktivitéiten an Evenementer op dësem exzeptionelle Site op d'Bee setzen, sou de Georges Rischette, Coordinateur vum Projet.