RIPGast Rollinger ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De fréieren RTL-Kameramann a Regisseur Gast Rollinger huet ville Sendungen a Filmer säi Stempel opgedréckt.

Ënnert anerem war hien un der Sendung “Hei Elei, Kuck elei” bedeelegt an och un de Filmer “E Fall fir sech” (1984) und “Déi zwéi vum Bierg” (1985).

Eréischt am Mäerz 2024, am Album “Däischter Deeg” huet de Fränz Hausemer, Museker a Film-Realisateur, 23 Gedichter vum Gast Rollinger vertount.

Museker Fränz Hausemer vertount Gedichter vum Gast Rollinger
Am Album Däischter Deeg vertount de Fränz Hausemer, Museker a Film Realisateur, 23 Gedichter vum Escher Gast Rollinger.

Déi ganz RTL-Ekipp wëll der Famill an de Frënn vum Verstuerwenen hiert Bäileed a Matgefill ausdrécken.

Back to Top
CIM LOGO