
An der Intro zu hirem Schreiwes schreift d'Gemeng, datt een Detailer wëll ginn zu der Fraude, bei där d'Gemeng ëm 400.000 Euro bedru gouf. "An den éischten Informatiounen, déi mer Enn September public gemaach hunn, ware verschidden Detailer net richteg, ënner anerem den Oflaf an d'Datumer", esou steet et am Communiqué ze liesen. "De Schäfferot bedauert dëst an huet d'Administratioun beoptraagt, de präzisen Oflaf vun de Faiten ze rekonstruéieren." Dës Chronologie, déi vun den zoustännege Servicer validéiert gouf, huet een e Freideg den Owend public gemaach:
20. Abrëll 2026
D'Gemeng kritt eng Rechnung iwwer 400.000 Euro wéinst Aarbechten, déi aktuell lafen. D'Rechnung kënnt vun der Entreprise PEPPOL an entsprécht de Prestatiounen, déi geleescht goufen.
4. a 5. Mee 2026
Wéi d'Prozedur et virgesäit, freet de Service technique vun der Gemeng beim Architektebüro no, datt si d'Konformitéit vun der Rechnung bestätegen. De Büro validéiert se an de Paiement gëtt autoriséiert. Dësen Echange war authentesch.
7. Mee 2026
An engem Schreiwes vum Architektebüro gëtt nogefrot, wéini d'Rechnunge bezuelt ginn, d'Bauentreprise wéilt dëst wëssen. An der Copy vum Schreiwes stinn zwee Mataarbechter vun der Entreprise. Villes deit drop hin, datt dëse Mail vun de Kriminelle geschriwwe gouf, déi d'Mailverdeeler vum Architektebüro ënner hir Kontroll bruecht hunn. An den Deeg dono kënnt eng weider Ufro, fir d'Bankdate vum Beneficiaire unzepassen. D'Gemeng freet en offiziellt Dokument un, dat dës Upassung soll confirméieren, a kritt dëst och. Dëst kënnt vun enger Mailadress vum Architektebüro, deem seng Mailen awer vun de Kriminelle kontrolléiert ginn.
13. Mee 2026
D'Rechnung gouf un déi nei Bankdate bezuelt. D'Date passen zu enger Bank an Holland. "Dat Iwwerweisungen an d'Ausland ginn, ass näischt Exzeptionelles", heescht et vun der Gemeng.
19. Mee 2026
Zwee Schaffdeeg méi spéit fält dem Sercvice des recettes eng Anomalie op an d'Fraude gëtt identifizéiert. D'Gemeng kontaktéiert déi eege Bank an déi hollännesch Bank, fir d'Suen ze blockéieren, a mécht eng Plainte bei der Police. D'Sue waren awer schonn iwwerwise ginn. De selwechten Dag alarméiert d'Gemeng och den Architektebüro. Dësem fält op, datt seng informatesch Systemer gehacked goufen a kann duerch d'Alerte seng Servere sécheren.
30. September 2026
D'Gemeng informéiert den Inneministère a mécht d'Affär ëffentlech.
Weider schreift d'Gemeng, datt ee sengen Obligatiounen, fir d'Justiz an d'Banken op dës Fraude opmierksam ze maachen, direkt nokomm ass. D'Ville de Differdange seet weider, datt et dem Gesetz no keng Frist gëtt, wéini een esou e Fall dem zoustännege Ministère misst mellen. De Schäfferot gesäit awer elo mat Recul an, datt een de Minister an och d'Ëffentlechkeet wuel éischter hätt missten informéieren.
An de Wochen dono hätt een alles drugesat, fir déi iwwerwise Suen zeréckzekréien. D'Gemeng gesäit sech, wéi awer och den Architektebüro an d'Bauentreprise, als Affer vun dësem Bedruch. Nieft der Plainte, déi een deposéiert huet, an dem Fakt, datt ee mat Justiz a Police zesummeschafft, huet d'Gemeng Déifferdeng nach aner Mesurë geholl. Esou goufen déi intern Prozedure verstäerkt an d'Servicer gi besser op esou oder änlech Fäll sensibiliséiert.
"Eis Servicer hunn direkt e puer Mol d'Rechnunge iwwerpréift, éier se bezuelt goufen", gëtt den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch zitéiert."Si hunn d'Fraude och innerhalb vun zwee Deeg entdeckt. Op der anerer Säit ware Krimineller, déi d'Mailverdeeler vun eise Partner kontrolléiert hunn an eis op eis Ufro, fir d'Rechnung ze verifizéieren, geäntwert hunn. Am Géigenzuch war awer d'Kommunikatioun vum Schäfferot an dësem Dossier net ëmmer op der Héicht. D'Fakte goufen ze spéit ëffentlech gemaach an dann hate sech och bei der Publikatioun verschidde Feeler ageschlach. Dat bedaueren ech. Mir publizéieren haut all d'Fakten an hunn eis Prozedure verstäerkt".