Lëtzebuerg weltwäit ënnert den 20 bedeitendsten historesche Stied

© Shutterstock
Duerch d'Abanne vum historesche Patrimoine an der sozio-ekonomescher Entwécklung huet d'Unesco d'Stad Lëtzebuerg ausgezeechent.
De Kulturministère, d'Stad Lëtzebuerg an d'Lëtzebuerger Kommissioun fir d'Kooperatioun mat der Unesco hunn zesummen ee Film vu knapp fënnef Minutte produzéiert, deen der Organisatioun vun de Vereenten Natiounen am Kader vum "World Heritage Cities" presentéiert gouf. De Film mat enger Dauer vu ronn fënnef Minutten dréit den Numm "Luxembourg: vieux quartiers et fortifications" a weist déi sozio-ekonomesch Entwécklung vun der Stad, ganz am Respekt vum nationale kulturelle Patrimoine.
Genee aus deene Grënn huet d'Unesco d'Lëtzebuerger Stad als eng vun deenen 20 bedeitendsten historesche Stied weltwäit ausgezeechent. De besonneschen Ëmgang vum historesche Patrimoine mat de kulturellen, immateriellen an natierleche Ressourcë wier ee vun de Punkten, déi zu där Decisioun bäigedroen hätten. Zousätzlech goufen och eng modern Legislatur mat Gesetzer, déi aktiv fir de Schutz vun der Ëmwelt an der Kultur bäidroen, als Argument genannt. Den Zougang zu enger grousser Unzuel u Ressourcen a Kompetenzen, wéi och d'Bestoe vun engem nohaltegen Entwécklungsplang waren och ee vun den Haaptkrittären, déi zu der Decisioun gefouert hunn. D'Pläng vum Luxembourg City Tourist Office fir Touristen hunn all d'Punkte vum internationale Kommitee erfëllt.