Argentinien
Dräi Festnamen a Relatioun mam Doud vum Sänger Liam Payne

© AFP
Dräi Wochen nom Doud vum fréiere One-Direction-Sänger Liam Payne goufen dräi Persounen an Argentinien festgeholl.
Dat huet den argentinesche Parquet en Donneschdeg zu Buenos Aires matgedeelt. Weiderhin huet de Parquet matgedeelt, dass de Sänger Alkohol, Kokain an e verschreiwungsflichtegen Antidepressivum konsoméiert hat, éier hien d'leschte Mount vum Balcon vun engem Hotel an der argentinescher Haaptstad gefall war.
Déi dräi verhafte Persoune kréie reprochéiert, de Sänger mat den Droge versuergt, an hien duerno an engem Zoustand, an deem hie kloer op Hëllef ugewise war, eleng zeréckgelooss ze hunn.
Am meeschte gelies