
Kënschtler wéi Peter Doherty, Lisandro Alonso an Alma Pöysti waren an der Stad present. Eng besonnesch Opmierksamkeet krut d’Masterclass vum Jury-President Rodrigo Sorogoyen.
De Grand-Prix krut de Film My Father’s Shadow vum Akinola Davies Jr. De Jury huet de Film fir seng mënschlech Déift, sensibel Figuren an eng poetesch Bildsprooch gelueft.
Och aner Filmer goufen ausgezeechent:
Weider Präisser goufen u Filmer fir jonk Juryen an immersiv Erfarungen verdeelt. E puer vun de Filmer ginn nach eng Kéier an der Cinémathèque de la Ville de Luxembourg oder am Ciné Utopia gewisen.
Zum Schluss huet d’Festival-Ekipp schonn den Datum fir déi nächst Editioun annoncéiert: déi 17. Editioun vum Festival ass da vum 4. bis 14. Mäerz 2027.