De Rea Garvey a Joel Marques freides; dEUS an EDSUN smaschdes op der Bün

Internationalen a lokale Kënschtler eng Bün bidden, dat ass d'Iddi hannert dem Usina-Festival um Site Neischmelz, deen elo a seng véiert Ronn geet.
D'Stad Diddeleng, den Atelier, De Gudde Wëllen an d'Kulturhaus Op Der Schmelz hunn e Méindeg de Moien op enger gemeinsamer Pressekonferenz de Line-up vum Open-Air-Festival "Usina25" annoncéiert, deen zanter dem Kulturjoer Esch2022 organiséiert gëtt.
Wie sech un de Line-up vum leschte Joer erënnert, dee weess, dass musikalesch nees fir all Goût eppes dobäi wäert sinn. D'lescht Joer hat jo den däitsche Rapper Cro fir eng aussergewéinlech gutt Stëmmung gesuergt.
2 Deeg, 5 Plazen
Nei d'nächst Joer ass, dass de Festival d'nächst Joer vu freides bis samschdes geet, respektiv vum 30. bis den 31. Mee.
Wéi gewinnt fënnt ee 5 Bünen: A-Stage, Casa Communa, VEWA, Kantina an CNA-Pomhouse.
Line-up Dag 1
Wien erënnert sech nach un den Hit "Supergirl" vu Reamonn? De Frontmann vun der Rockband, déi sech 2010 opgeléist huet, ass keen anere wéi den iresche Singer-Songwriter Rea Garvey. Hie wäert dann och e Freideg 30. Mee op der Mainstage um Site Neischmelz stoen.
Aus dem englesche Stalybridge kënnt de Sing- a Songwriter Jack Curley, dee mat senge gefillvolle Soul-Vocals fir méi douce Téin wäert suergen.
Vun net sou wäit, méi genee vu Lëtzebuerg, fënnt nach een anere Sänger de Wee op den Usina 2025 an zar ass dat de Joel Marques, Finalist vum Luxembourg Song Contest 2024.
Line-up Dag 2
D'Band, déi e Samschdeg 31. Mee op der Haaptbün wäert stoen ass hei zu Lëtzebuerg nawell gär gesinn a se kënnt aus eisem belschen Nopeschland. Gemengt ass d'Rockband dEUS, déi sech 1991 zu Antwerpen forméiert hat.
Och aus Europa kënnt de italiensche Singer-Songwriter Fil Bo Riva. Südlännesch Kläng bréngt hien awer net mat, de Museker mat Sëtz zu Berlin suergt huet Indie Rock, Folk a Blues am musikalesche Gepäck.
Een anert musikalescht Talent vu Lëtzebuerg, net just bekannt vum Luxembourg Song Contest, steet dann e Sonndeg op der Bün: d'Multitalent EDSUN.
A scho bal e feste Bestanddeel vum Usina ass de Mambo Schinki, dee mat senge musikaleschen Eskapaden aus Polka, Mambo, Rumba an Disko jiddereen aus senger Reserv lackelt.
De Festival, bekannt fir seng Diversitéit, bitt e breet gefächerte kënschtleresche Programm mat Musek, Theater, Danz a Konscht. Nieft lokalen an internationalen Kënschtler a Museker kritt een och nees d'Méiglechkeet, u verschiddene Workshoppe fir all Alterskategorien deelzehuelen.
Detailer an Informatiounen
Wéi d'lescht Joer huet ee versicht, de Präis fir jiddereen abordabel ze maachen. 59 Euro muss ee fir de Freideg-Ticket bezuelen. Fir Kanner ënner 12 Joer kann een eng Demande op info@atelier.lu maachen, si kommen deen Ament fir näischt eran
Den zweeten Dag, dëst Joer op engem Samschdeg, ass da wéi gewinnt gratis fir jiddereen.
Kanner ënner 12 Joer wéi gewinnt nee gratis. Heivir soll een e Mail un d'Gemeng ze schécken. Erënnert sief nach un de Kulturpass, wou ee sech seng Entrée och séchere kann.
De ganze Line-Up vum Festival souwéi weider Informatioune fannt Dir och um Site vun Usina25. An den nächste Méint wäert de Programm vum Festival nach completéiert ginn.