Dëse Weekend war déi 2. Editioun vum Usina-Festival zu Diddeleng.

E Festival, deen et op dës Manéier nach net zu Lëtzebuerg gouf. D'Stad Diddeleng, de Gudde Wëllen an den Atelier hu sech hei mat enger Rëtsch Kulturhaiser a Kollektiven zesummegedoen, fir ee richtege Kollaboratiouns-Festival ze grënnen. D'Leit, d'Stëmmung a perfekte Wieder ware bei dëser Editioun um Rendez-vous. Et war e ganz gemëschte Publikum um éischten Dag vum Usina-Festival. An dat ass och genee dat wat d'Organisateure sech erwaart hunn. Ee Festival, dee fir jiddereen ass an dee méi wéi just Musek bitt.

An et soll een Event sinn, dat besonnesch duerch d'Zesummenaarbecht vu ganz verschiddenen Acteure gedroe gëtt.

De Publikum huet déi nei Configuratioun vum Festival gutt ugeholl, an och wann den éischten Dag bal ausverkaaft war, haten d'Spectateure genuch Plaz.

D'Haaptbün, wou e Samschdeg den Owend den Headliner, Peter Fox gespillt huet, war dann dëst Joer hannert dem CNA, déi aner Bünen um Site vun Nei Schmelz.

Ma och Lëtzebuerger Bands haten hir Plaz um Festival, gespillt hunn ënner anerem deLäb oder nach Nicool. Den Jackie Moontan, deen zu Berlin lieft an dacks am Ausland spillt, ass begeeschtert vum Festival a vum Site.

E Sonndeg den Owend um 21.30 Auer konnt een nach den Headliner Interpol live gesinn, wien de Festival allerdéngs dëst Joer verpasst huet, ka sech op eng nei Editioun d'nächst Joer freeën.

Den nächste Samschdeg am No Art on Air gëtt een nach méi iwwert de Festival an déi ganz Kollaboratioune gewuer.