Den Arthur Unger, dee sech selwer als "Peintre de la matière" bezeechent huet, war bis zum Enn vu sengem Liewe kënschtleresch aktiv.

E Sonndeg de Moien ass de Kënschtler am Alter vun 92 Joer gestuerwen.

Déi traditionell Molerei war fir den Arthur Unger scho laang keen Thema méi. Schonn an de 70er Joren huet hie sech ongewéinlech Supporte gesicht an domadder en eegene Genre kreéiert, de „Pyrochimiogramme". Hien huet dobäi mat Feier op Kofferblieder geschafft. Eng Technik, déi quasi just hie genotzt huet.

Donieft huet hien Zeechnunge mat Encre de Chine realiséiert. Déi zwee Genren erënneren de Kënschtler un Afrika, wou hie laang gelieft huet, an un Asien, wou hien ausgestallt huet.

Portrait vum Arthur Unger aus dem Joer 2023

Arthur Unger: Zeechne mat Feier
Den Arthur Unger ass sait 1963 als Kënschtler aktiv an ee vun de bedeitensten vertrieder vun der lëtzebuergescher Zäitgenössescher Konscht.

D'Expo "Les Yeux de ma Mémoire" vum Arthur Unger a Fotoen a Videoen hu mir 2017 an engem Artikel zesummegefaasst.

Den Arthur Unger war 2017 och eng Kéier als Invité vun der Redaktioun bei eis agelueden.