Nächst Woch feiert den Arthur Unger säin 85. Gebuertsdag an den Ament si seng Wierker zu Uewerkuer am H2O ze gesinn.

Déi traditionell Molerei ass fir den Arthur Unger scho laang keen Thema méi. Schonn an de 70er Joren huet hie sech ongewéinlech Supporte gesicht an domadder en eegene Genre kreéiert, de Pyrochimiogramme. Hie schafft dobäi mat Feier op Kofferblieder. Donieft realiséiert hien Zeechnungen mat Encre de Chine. Déi zwee Genren erënneren de Kënschtler un Afrika, wou hie laang gelieft huet, an un Asien, wou hien ausgestallt huet. Den Ament gi seng Wierker an Objeten an der Expo "To-day as well as yesterday" am H2O zu Uewerkuer gewisen.

AUDIO: De Freides-Invité: Arthur Unger

"De Freides-Invité": All Freideg an der Mëttesstonn vun 12 bis 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu (Audio a Video). An duerno och am Replay op RTL.lu (Audio a Video).