Geplangt fir Ufank Mäerz
Oscar-Zeremonie wäert net verluecht ginn

© AFP
Déi brittesch Zeitung "The Sun" hat jo rezent geschriwwen, datt een d'Oscar-Zeremonie eventuell wéinst de Bëschbränn ëm Los Angeles géif verleeën.
Wéi et awer elo vun der Academy heescht, sinn dat just Gerüchter oder "onbegrënnt Ligen". Dem Bericht, deen am "Hollywood Reporter" publizéiert gouf, sinn d'Oscaren an hirer 96 Joer laanger Geschicht ni ofgesot ginn, och net am donkelste Corona-Joer. An dëst wäert och fir déi 97. Editioun net de Fall sinn.
Am meeschte gelies