Nach bis de 25. Januar ass d'Expositioun "Poesia" an der Abtei Neimënster ze gesinn.

E Freideg huet de Grand-Duc Henri d'Ausstellung mat de Biller vum Kënschtler Gustave Graas besicht.

D'Kit Graas, Meedche vum Kënschtler, huet duerch d'Ausstellung, an där Biller aus am Ganzen dräi Joerzéngte kënschtlereschem Schafe vun hirem Papp ausgestallt sinn, geleet.

D'Expositioun "Poesia" ass Deel vun der Hommage "100 Joer Gust Gras 2024", déi ënnert dem Haut patronage vum Grand-Duc steet. Si erënnert un d'Karriär vum Gust Graas, deen nieft sengem kënschtleresche Schafen als Geschäftsmann ënner anerem um Opbau vun RTL an der Luxair bedeelegt war.

Um RTL Play fannt Dir en Documentaire iwwer dem Gust Graas seng Konscht a säi Schafen.