D'BnL huet eng Bibel fir 4,5 Milliounen Euro kaaft. Aktuell leeft e Spendenopruff, fir d'Acquisitioun ze valoriséieren.

D'Bibel ass dat meeschtverkaafte Buch op der Welt. Verschidden Exemplairë kënne scho mol 4,5 Milliounen Euro kaschten. Sou och d'Rise-Bibel aus dem 11. Joerhonnert vun der Nationalbibliothéik.

Si ass e wichtege Bestanddeel vum Lëtzebuerger Patrimoine, well se ass an enker Zesummenaarbecht tëscht dem Iechternacher Skriptorium an dem Tréierer Klouschter St Maximin entstanen.

De Claude D. Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik, erkläert: "Eng sougenannt Rise-Bibel ass ee ganz spezifeschen Typus, déi gesinn och d'selwecht aus. Dat sinn 80 cm Héicht op 55 cm Breet vun enger Säit. Sou eng Bibel weit eng 23 Kilo. An et huet een eng ongeféier 230 Källefcher gebraucht, fir de Pergament kënnen hierzestellen."
 
D’Rise-Bibel huet de Staat 4,5 Milliounen Euro kascht. Ma de Finanzement vun esou engem ale Buch ass net mam Kaf gedoen. Dofir huet d’Nationalbibliothéik e Crowdfunding, also e Spendenopruff, gestart, dee bis de 17. Mäerz geet. D’Sue sollen dann an d’kulturell a wëssenschaftlech Valorisatioun vum Wierk gestach ginn.
 
"Dat heescht, mir wiere frou, wa mir an de 6-stellege Beräich géife kommen. Am Moment si mir an engem mëttleren 2-stellegen [Dausender-]Beräich. Déi Suen, déi rakommen, do kënne mir garantéieren, dass se genau fir déi Zwecker benotzt ginn. A fir eis sinn déi och fir d’Fuerschung, well mir wëllen net nëmmen eppes weisen, mir wëllen de Leit eppes erzielen."
 
Nieft der Fuerschung verlaangt d’Bibel nach e puer aner Saachen, wéi beispillsweis eng speziell Klimavitrinn oder och Sécherheetsdispositiffen am Fall vun engem Transport.

Bei dësem Crowdfunding handelt et sech dann och net ëm eng reng finanziell Mesure, mee virun allem ëm eng kulturell. Engersäits ass d’Rise-Bibel e Beweis vun dem kënschtlereschen Handwierk, dat d’Mönchen am Iechternacher Skriptorium geleescht hunn. Anerersäits ass se och en Tourismusmagnéit, deen een net ënnerschätzen duerf.
 
"Mir sollten net vergiessen, dass sech eng Kultur ëmmer rëm ressourcéiert aus senger Vergaangenheet an do ass et wichteg, besonnesch Unikater hei an d’Land ze kréien", esou de Claude D. Conter.
 
D’Nationalbibliothéik freet sech, iwwert dee villen Zousproch, dee se fir dëse Projet kritt huet, an hofft duerch dëst Unikat, e wichtegt Stéck vum Lëtzebuerger Patrimoine méi no un d’Leit ze bréngen.

Lëtzebuerg keeft Bibel aus dem 11. Joerhonnert
D'Bibel wier eng immens Raritéit a se wier bemierkenswäert gutt erhalen, esou déi Responsabel vun der BnL.