Konscht mat Kënschtlecher Intelligenz a virtuelle Realitéiten
Och wann de Film Festival dëse Weekend op en Enn gaangen ass, kann ee verschidden Ausstellungen, déi an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Film Fond fir de Festival organiséiert goufen, awer nach kucke goen. Esou kann een zum Beispill och den immersive Pavillon vun der Abtei Neimënster erliewen.
Déi mëttlerweil 6. Editioun vun dësem Pavillon weist ënnerschiddlech Videoinstallatiounen, déi zum Deel op internationale Festivaller, wéi dem Tribeca Immersive oder dem Film Festival vu Venedeg, Präisser gewonnen hunn a sech mat Theme, wéi der KI oder der virtueller Realitéit auserneesetzen.
Och an der Konscht spillt d’Kënschtlech Intelligenz ëmmer méi eng grouss Roll. Bei enger Installatioun aus dem Pavillon gëtt een esou zum Beispill vun enger KI analyséiert, andeems ee sech virun eng Kamera sëtzt an eng Kënschtlech Intelligenz een unhand vun dëse Kamerabiller am Detail beschreift a sech virstellt, wat fir ee Mënsch een ass.
Esou gëtt de Mënsch zu engem zentralen Deel vum Wierk gemaach an d’Grenzen tëschent der Konscht an dem Betruechter gi lues a lues verschwanne gelooss. Et ass eng nei Aart fir Konscht ze maachen, déi sech awer och, wéi déi klassesch Konscht un der Aktualitéit inspiréiert. Deemno spigelen d’Wierker oft politesch Themen erëm.
Ausserdeem ginn et am Pavillon och Wierker ze entdecken, déi mat VR-Brëller schaffen an de Visiteur mat Hëllef vu Videoe mat an aner Welten huelen. D’Filmer, déi an deene Brëller gewise ginn, si ganz divers. Dat kënne fiktiv Videoen oder, wéi am Film "Champ de Bataille", deen iwwregens och de Präis fir dat bescht immersiivt Konschtwierk am Pavillon gewonnen huet, Videoe sinn, déi de Spectateur mat an d’Vergaangenheet huelen. An dësem Fall ass dat den éischte Weltkrich.
Et dierft also fir jiddereen eppes an dëser Ausstellung dobäi sinn an et ass een och eng Zäit beschäftegt fir alles ze kucken. D’Wierker kënnen a voller Längt gäre bis zu 40 Minutten daueren. Och wa sech de Pavillon u jiddereen ab 6 Joer riicht, sinn esou immersiv Projeten awer virun allem bei Jugendleche beléift.
Erliewe kann een déi eenzel Wierker aus dem Pavillon nach bis den 23. Mäerz. Den Entrée ass gratis an de Pavillon ass vu méindes bis sonndes op.