Tokio Hotel, déi populär däitsch Pop-Rock Band, wäert den 18. November 2026 zu Lëtzebuerg optrieden.

De Concert ass Deel vun hirer ARENA TOUR 2026. Versprach gëtt eng spektakulär Live-Show an de gréissten Arenaen an Europa.

D'Band, déi fir hir Hits wéi "Durch den Monsun" a "White Lies" bekannt ass, huet Millioune Fans weltwäit. No hiren erfollegräichen Touren duerch Nord- a Südamerika an enger komplett ausverkaafter Europatournée am Joer 2025, gouf elo schonn eng weider Tour fir 2026 annoncéiert.

De Concert zu Lëtzebuerg ass an der Rockhal, organiséiert vum Atelier.

Wann et esouwäit ass, wäert Dir natierlech och op de Plattformen op RTL d'Méiglechkeet kréien, fir Ticketen ze gewannen. Dofir heescht et an den nächste Wochen a Méint d'Aen an d'Oueren opzehalen.