Um Mëttwoch huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an der Nationalbibliothéik den 2. Band vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 presentéiert.

Den 1. Band war virun 2 Joer erauskomm, mam Ënnertitel “Laut- a Formenatlas”. Elo ass et dann um “Wuertatlas”. Wat ass den Ënnerscheed?

Am éischte Band geet et ëm lautlech Variatiounen: fir dat däitscht “Buch” kann een am Lëtzebuergesche “Buch”, Bouch, Bousch, Buuch soen? Am Wuertatlas stinn elo déi lexikalesch Variatiounen am Mëttelpunkt. Also d’Fro: Wéi eng Wierder gëtt et fir dee nämmlechte Begrëff?

Alain Atten:“Den Igel, dat kann e Kéiseker sinn, dat kann en Däreldéier sinn, oder eng  Däreg Échel, eng Därnéchel. Oder fir de Spatz. Dat kann eng Kamesch sinn, d’Éisleker hunn esouguer den Daachfujel gesot.”

Wou am Land wéi e Wuert gebraucht gëtt, erkennt een op de Kaarten: riets eng grouss, lénks eng kléng, méi iwwersiichtlech.

D’Kaarte goufe vum Alain Atten op der Hand gezeechent an da vum Claude Schmit digital ëmgesat.

Claude Schmit: “Op der Hand ass dat einfach, op e Punkt e puer Zeechen ze molen. Hei hu mir da missen eng Method entwéckelen, fir dann op ee Punkt méi Zeeche kënnen ze setzen, dat heescht, ech hunn déi Punkte misse verduebele mat verschiddene Symboler. Dat heescht, datt mer op engem Gebitt, wou mer eng Flächefaarf hunn, zwou verschidde Faarwe konnte iwwerenee leeën, déi mer dann esou schrafféiert hunn.”

Den 2. Band vum Sproochatlas 1900 ass am grousse Ganze méi accessibel. Fir all Wuert huet den Alain Atten e klengen Text mat Informatioune geschriwwen. An: Bei Objeten an Déieren huet de Patrick Hallé Illustratioune gezeechent.

Patrick Hallé:“Bei deene Meeschte war et kloer, mee bei Munche war et den Challenge, dass et esou al Saache sinn. Do hate mer dann och Problemer, an engem Buch iwwerhaapt eng Referenz ze fannen, wat iwwerhaapt genee domadder gemengt war.”

Gutt dass den Alain Atten einfach weess, wat gemengt ass. Esou konnt de Patrick Hallé seng Zeechnungen esou dacks upassen, bis de Sproochmates zefridde war.

De Grondstee fir de Sproochatlas 1900 huet den Alain Atten an de  60er a 70er Jore geluecht, wou hien am ganze Land vun Duerf zu Duerf gaangen ass a Leit, déi viru 1900 op d’Welt komm waren, gefrot huet, wéi si schwätzen.

Sara Martin:“Do gëtt natierlech e Sproochstand dokumentéiert, deen een haut net méi esou huet an och net méi esou dokumentéiere kéint, well déi Leit natierlech haut net méi liewen. An eng vun de Missioune vum ZLS ass et och, d’Sprooch an alleguerten hire Varianten ze dokumentéieren, an dat kënne mir natierlech heimat maachen an dem Grand Public esou zur Verfügung stellen. An deem Buch mat all deene Kaarten.”

2 Lëtzebuerger Sproochatlassen à méi wéi 4 Kilo sinn elo do! Vum 20. Mäerz un kritt een och den 2. Band an all de Librairien ze kafen.

Dem Raoul Roos säi Reportage iwwer d'Verëffentlechung vum 1. Band vu virun zwee Joer, kënnt Dir Iech hei ukucken

De "Lëtzebuerger Sproochatlas 1900" ass prett
Mat bal 600 Kaarten, déi weisen, dass et an eisem klenge Land deelweis grouss Ënnerscheeder an der Sprooch ginn.