“De Sportsmusée war eng Méiglechkeet fir d’Turbinnenhal am neie Quarter Rout Lëns zu Esch. An Zukunft wäert et aner Méiglechkeeten hunn.” Dat sot d’Generaldirektesch vum Proprietär vun der Hal, IKO Real Estate, d’Sandra Huber e Mëttwoch am RTL-Interview. Wéi eng Suitten d’Affär Sportmusée kritt, hänkt vun engem juristeschen Avis of, deen d’Regierung an Optrag ginn huet.
D’Leit vun IKO wollten dat net kommentéieren. D’Sandra Huber huet vun “Aléas” an “Imprévus” geschwat, mee IKO wier gewinnt, esou Situatiounen ze geréieren. De Sportmusée wier eng “Opportunitéit” gewiescht an d’Firma géing net regrettéieren, déi exploréiert ze hunn. Et géing aktuell keng präzis Piste fir d’Turbinnenhal ginn, mee dat wier och wouer fir d’Gebléishal. D’zukünfteg Funktionalitéit vu béide Gebaier géing ee bei d’generell Programmatioun fir de Quartier Rout Lëns upassen.
D’Direktesch fir d’Planung an d’Infrastruktur bei IKO, d’Aline Picard, sot ons hirersäits, datt een um Niveau vun den Etuden “bei Null” géing nees ufänken. “Vläicht” géing een nees bei d’inital Iddi zeréckgoen, fir Bureauen an der Turbinnenhal z’integréieren. Wat d’Affär ëm de Sportmusée ugeet, wollt si och net op déi “Polemik” agoen. De Ministère hätt e Cahier des charges mat senge Besoine ginn an IKO hätt no 2 Joer Etüde kënne versécheren, datt d’Gebai fir de Musée kéint a Fro kommen. “Mir hu respektéiert, wat mir ze maachen haten”, esou d’Aline Picard.
Quartier gutt ënnerwee an 2035 fäerdeg?
Zefridden ass IKO awer mat Recht vum Projet Rout Lëns. Den éischten Deel vun der Infrastruktur – “Waasser, Stroum, Post etc” - wier prett, fir d’Rentrée 2028 wier déi nei Schoul och fäerdeg an operationell. Déi éischt 200 Wunnenge vun am Ganzen 1.428 kéinten Enn dës Joer, Ufanks d’nächst Joer scho “geliwwert” ginn. De Quartier géing vu Westen aus a Richtung Osten entwéckelt ginn. Fir ze soen, wéini de Quartier ganz fäerdeg wier, huet d’Aline Picard gelaacht a selwer gefrot “2035?”.
Bis ewell wier et um Niveau vun den Autorisatiounen aussergewéinlech séier gaangen. D’Rout Lëns wier e “Covid-Projet": si huet erkläert, datt wärend der Pandemie den Agenda vun den Administratioune sech befreit hätt. Donieft wier de Projet bei de Consultatiounsphasen esouwuel vun de Verwaltungen ewéi vun den Awunner ronderëm matgedroe ginn.
D’Finanzéierung vum neie Quartier op e bësse méi ewéi engem Quadratkilometer géing och gutt verlafen. D’Aline Picard huet begréisst, datt dat deels dank der Gemeng Esch méiglech gewiescht wier, déi 30% vum Quartier kaf huet fir abordabele Logement. Déi eenzel Gebaier ginn natierlech gemëscht mat abordabele Wunnengen a Wunnengen um private Marché. Bei Wunnprojete mussen d’Promoteure jo an der Reegel schonn de groussen Deel um Plang verkaf hunn, fir Banken an Assurancen fir de Bau hannert sech ze hunn.
Gesicht: Bedreiwer, dee gutt astieche kann, fir de Magasin TT
Mir hunn d’Interviewe mat de Leit vun IKO Real Estate um Bord vun enger Presentatioun vun engem Appel à candidatures an hirem Sëtz um Houwald gemaach. Den Entwéckler sicht e Bedreiwer fir de “Magasin TT": e fréieren Entrepôt op der rouder Lëns, aus deem en Treffpunkt soll ginn. Eng Brasserie vu 550 Quadratmeter mat Terrasse vun 200 Quadratmeter, déi dëst Joer soll prett sinn, fir Leit ze accueilléieren.
“Mir challengen haut eise Public, fir ze gesinn, ewéi eng Konzepter oder Visioune sech an de Magasin TT kéinten aschreiwen”, d’Nadia Djanadi, kommerziell Direktesch fir Bureau an Handel bei IKO. Op d’Fro ewéi eng Preferenzen IKO hätt, huet si den Appell gemaach “open your minds”. Woubäi an hiren Aen Iessen a Gedrénks hautzedaags scho ganz wichteg wieren, fir d’Leit beieneen ze bréngen.
Ganz oppe wier IKO och bei der Fro vum Loyer. “Wat mir wëllen, ass eng laangfristeg Partnerschaft” mat engem Bedreiwer, dee “finanziell gutt astieche kann”. Den Haaptaktionär vun IKO, den Eric Lux, war net bei der Presentatioun dobäi.
Wann ee wëll de Magasin TT lounen: https://www.ikorealestate.eu/fr/projet/magasin-tt/