Dass si et an d’Finall gepackt hunn, ass e Beweis dofir, datt et déi richteg Entscheedung war, hir Aarbecht opzeginn, fir sech der Musek ze widmen. Ma wie sinn den Andrew the Martian an d’Daryss, mir stellen Iech se vir.
Den André Baptista huet 35 Joer a gouf zu Setúbal a Portugal gebuer. Zanter 2013 lieft hien zu lieft zu Lëtzebuerg.
Musek war ëmmer en Deel vu sengem Liewen. Säi Papp huet als Sécherheetsbeamte fir bekannte portugisesch Bands geschafft an den André war scho fréi faszinéiert vun der Welt vun de Live-Shows, an där hie souzesoe mat opgewuess ass. Als Teenager huet hien ugefaangen, Musek ënnert dem Numm Andrew the Martian ze maachen. Hien huet sech ëmmer wéi e Marsianer gefillt, net op der richteger Plaz an der Welt ze sinn. E Gefill, dat sech verstäerkt huet, nodeems hie mat 22 Joer op Lëtzebuerg geplënnert ass. “A Portugal ginn ech als Lëtzebuerger ugesinn, zu Lëtzebuerg als Portugis. Wann ech net op dëse Planéit gehéieren, da muss ech op engem anere gehéieren, richteg?”, mécht hien de Geck.
Beim Luxembourg Song Contest wëll den André alles ginn a säi Moment genéissen. Seng gréisst Angscht op der Bün wier: “Eng onendlech Houschtattack. Wann ech mech vertrëppelen oder falen, kann ech weidersangen, awer wat, wann ech net ophale kann, ze houschten?”

D’lescht Joer huet den André säi Beruff als Chauffer opginn, fir sech voll der Musek ze widmen, eng Passioun, déi d’ganz Famill deelt. “Jidderee séngt am Auto mat”, seet hien, “Kanner kënne souwuel gutt wéi och schlecht Saache vun hiren Elteren ierwen, awer ech si frou, datt si dat vu mir geierft hunn.” Mat ville vu sengen eegene Lidder, net verëffentlechten Albumen an der Aarbecht, déi hien dragestach huet, hofft hien, datt dës Méiglechkeet him endlech d’Dier opmécht, seng Musek ze deelen an eng Zukunft als Kënschtler opzebauen.
29 Joer jonk ass d’Daria Sokova an ass a Russland gebuer. Eist Land huet d’Daria fir d’éischt wärend enger Vakanz mat der Famill kenne geléiert. Eng vun hiren éischten Erënnerungen ass e Besuch an engem Restaurant zu Clausen am Alter vun 9 Joer - e Restaurant, dee spéider zum Familljebetrib sollt ginn. No der Schoul an um Weekend huet d’Daria sengen Eltere gehollef. D’Aarbecht am Restaurant an den Theaterstudium hunn hir gehollef, méi kommunikativ ze ginn, besser mat Stress ëmzegoen a méi selbstsécher ze sinn, seet si.
D’lescht Joer huet d’Daria decidéiert, hiren Job als Franséischléierin opzeginn, fir sech komplett op d’Musek an den Theater ze konzentréieren, wärend si weiderhin all Samschdeg Kannertheater enseignéiert. “Wann net elo, wéini dann?”, huet d’Daria sech gesot.

Fir sech op de Concours virzebereeden, trainéiert d’Daria reegelméisseg doheem. All Dag séngt hatt säi Lidd a mécht Stretching, fir sech z’entspanen. Um Dag vun der Finall wëll hatt versichen, de Kapp fräi ze maachen, hatt ass nämlech fest dovun iwwerzeegt, datt Gedanke kënne Realitéit ginn. “Ech konzentréiere mech net op dat, wat op der Bün falsch lafe kéint. Wann ech un eppes Negatives denken, schéngt et ze geschéien - dofir vermeiden ech et.”
Dem Daria säi Lidd “Melusina” handelt vun der lëtzebuergescher Legend vun der Mierjongfra Melusina. Fir si spigelt d’Geschicht d’Stäerkt vun enger Fra erëm, déi hiert Wuert hält. “Wann och nëmmen eng Persoun, déi mäi Lidd héiert, sech dovunner beréiert fillt oder eng Äntwert op eng Fro fënnt, déi si sech gestallt huet, dann huet et sech scho gelount.”