De Season Closing vum LOA-Festival ass dëst Joer an der Metzeschmelz

© LOA by Post
Vum Kierchbierg plënnert den Ofschloss vum Luxembourg Open Air dëst Joer op de Site tëscht Esch a Schëffleng.
Dat aalt Stolwierk, wat 2012 seng Dieren zougemaach huet, mécht se dëst Joer nees op fir d'Fans vun Elektronescher Musek, dat den 13. a 14. September.
Ma dëst ass net den eenzege Changement vum Season Closing vum LOA-Festival. Well op der Metzeschmelz wäert een dëst Joer esouwuel samschdes wéi och sonndes elektronesch Musek genéisse kënnen, dat op verschiddene Bünen mat internationalen an nationalen DJen, engem Food Village, enger Chill Out Area a villem méi.
De Season Opening ass iwwregens den 9. an 10. Mee op der Place de l'Académie um Belval. Hei kann een DJe wéi den John Newman, Nervo, Topic gesinn. D'Tickete ginn et um Site vum LOA Festival.