Zwee Kanner an e Jugendleche gesicht
Samsa Film lancéiert Castingopruff fir de Film "E Lëtzebuerger Mann"

Mat dobäi am Film sinn och d'Schauspiller Jules Werner, Jil Devresse a Luc Schiltz (v.l.n.r.)
Gesicht gëtt e Jugendlechen tëscht 15 an 18 Joer an zwee Jongen tëscht 10 an 12 Joer, déi all Lëtzebuergesch schwätzen.
Dat am Kader vum Myriam Muller sengem Long-métrage "E Lëtzebuerger Mann", dee vun Oktober bis Dezember dëst Joer zu Lëtzebuerg gefilmt gëtt. Mat dobäi am Film sinn och d'Schauspiller a Schauspillerinne Jules Werner, Jil Devresse a Luc Schiltz, all bekannt aus ënner anerem der Serie "Capitani" a weidere sëllege Kinosfilmer.
Wien interesséiert ass, soll bis den 30. Abrëll eng Demande, e Presentatiounsvideo vun 3 bis 5 Minutten a säi CV u castingelm25@samsa.lu schécken.
Am meeschte gelies