De Film "La Cache" ass grad a Frankräich erauskomm a wäert geschwënn an de Lëtzebuerger Kinoe lafen.

De jonke Bouf hat wéineg Experienz, ier hien hei am Film direkt eng Haaptroll krut. 
 
E gudden Deel vum Lionel Baier sengem Film gouf an de Filmland-Studioen zu Kielen gedréint. Vum éischten Dag Tournage u gouf de jonken Acteur mat der Magie vum Film konfrontéiert, en Erliefnis dat hie sécher net vergiesse wäert  
 
Ouni et deemools ze wëssen, huet den Ethan e Stéck Filmgeschicht geschriwwen, andeems hie mam bekannten Acteur Michel Blanc ob der Affiche war. Et sollt de leschte Film vum franséischen Acteur sinn, deen am Oktober d'lescht Joer verscheet ass.

De Film ass eng Adaptatioun vum Christophe Boltanski sengem Roman. E gouf dëst Joer ob der Berlinale gewisen an erzielt d'Geschicht vun enger Famill, déi sech am Mee 1968 an engem Appartement zu Paräis zeréckgezunn huet.