"frEsch" hat an de leschte Woche juristesch Suitten annoncéiert, am Fall wou de Kënschtlerkollektiv net bis den 30. Abrëll aus de Gebailechkeete géing erausplënneren.

De Kënschtlerkollektiv Richtung22 wëll de Bâtiment4 zu Esch net fräiwëlleg verloossen, dat huet d'Initiativ e Mëttwoch op hirem Internetsite bekannt gemaach. Et wéilt ee kee Geriichtsprozess, mä et géing ee sech net aschüchtere loossen.

D'asbl frEsch, déi d'Gebai geréiert, hat an de leschte Woche juristesch Suitten annoncéiert, am Fall wou de Konschtkollektiv net bis e Mëttwoch 30. Abrëll aus de Gebailechkeeten géing eraus plënneren.

Déi Responsabel vu Richtung22 kënnen d'Motiver net novollzéien, firwat si rausgehäit ginn. Si schwätze vun engem Joer Stress, Drock, Ligen a Feindséilegkeet. Am Verwaltungsrot vu frEsch wéilte Persounen, datt Richtung22 verschwanne soll. Mat sou enger Kulturpolitik géinge lénks Meenungen an der Konscht aktiv zenséiert ginn, heescht et weider.

De Konschtkollektiv weist am Communiqué besonnesch mam Fanger op de frEsch-President a liberale Schäffe Pim Knaff an op de frESCH-Direkter Loïc Clairet. D'asbl frEsch reprochéiert Richtung22 ënner anerem, sech net un d'Reegele gehalen ze hunn.