Selektiounscomité vum nationale Filmfong
4 Filmer vu lëtzebuergesche Realisateure ginn ënnerstëtzt

Am Laf vun der leschter Woch war de Selektiounscomité vum nationale Filmfong nees zesummen.
Vun 30 agereechte Projete kréien der 12 eng finanziell Hëllef, sief et fir d’Produktioun oder fir d’Schreiwe vun Dréibicher. Alles an allem goufen Aiden an Héicht vu 7,2 Milliounen Euro guttgeheescht.
Déi gréissten Eenzel-Hëllef kritt den Animatiouns-long-métrage "Arvil, The little Falcon" vun de Realisateure Marco Serfaini an Aline Salvi mat 3 Milliounen. Knapp 40% vum Gesamt-Budget.
Am Ganze gi 4 Filmer vu lëtzebuergesche Realisateuren ënnerstëtzt: zwee Live-Filmer, een Animatiounsfilm an ee Kuerzfilm.
Am meeschte gelies