All Joer ass zu Boom an der Belsch den Tomorrowland-Museksfestival, op deem déi weltwäit bekanntsten DJen opleeën. Dëse Summer ass mam NOSI och ee Lëtzebuerger DJ mat um Line-Up.

400.000 Visiteuren aus der ganzer Welt kommen op zwee getrennte Weekender am Juli zesummen, fir elektronesch Musek op 14 verschiddene Bünen ze lauschteren. Bei der 18. Editioun wäert dëse Summer och ee Lëtzebuergeschen DJ mat dobäi sinn. Den NOSI spillt um éischte Weekend samschdes den 19. Juli op der "Crystal Garden"-Stage.

Nosi: den Tomorrowland-Dram ass an Erfëllung gaangen