"BLABLABLASTIK": E Live-Hörspill ronderëm d’Thema Plastik
BLABLABLASTIK nennt sech e neit Live-Hörspill aus der Rei Kappkino vun Openscreen ASBL, zesumme mam Cape a Kasemattentheater, bei deem sech alles ëm d'Lauschteren dréint.
All Spectateur kritt dofir, ier en de Sall betrëtt, eng Ae-Mask ugedoen a gesäit net, wat wärend der Opféierung ronderëm e geschitt. Am Fokus vun dësem Live-Hörspill steet de Plastik an thematiséiert gëtt zum engen d'Geschicht vum Material an zum anere seng Roll an eiser Konsumwelt.
Dass de Plastik bei BLABLABLASTIK am Vierdergrond steet, ass ouni Mask net ze iwwersinn. Duerch de ganze Sall sinn Elementer aus Plastik verdeelt, déi benotzt ginn, fir verschidde Geräischer ze maachen. Héieren oder och fille kann een dëst Material wärend der Opféierung, just nëmme gesi kann een de Plastik an d’Acteuren net, wat dat Ganzt extrem spannend mécht.
Fir d’Schauspiller ass et net weider anescht bei engem Live-Hörspill matzemaachen. Et gëtt weiderhi mat engem Skript geschafft an och am Raum beweege muss ee sech hei, fir all d’Leit ze erreechen. Dat eenzegt wat anescht ass, ass dass ee sech hei kee Kostüm iwwerleeë muss, seet ee vun de Schauspiller, de Konstantin Rommelfangen.
An natierlech dierf bei engem Hörspill och den Toun net feelen. Am ganze Sall goufen also Installatiounen ubruecht, déi wärend der Opféierung benotzt ginn, fir d’Geschicht mat Geräischer ze illustréieren. De Museker Michel Meis huet sech ëm alles, wat den Toun betrëfft, gekëmmert.
Nach bis den 23. Mee kann ee BLABLABLASTIK an de Kasemattentheater lauschtere goen, ma et wäerten awer ganz bestëmmt nach weider esou Produktiounen an der Rei Kappkino entstoen.