Mam Kulturpass kréien och Leit an der Prekaritéit Accès

© Caroline Martin
Zanter der Aféierung vum Kulturpass huet d'Unzuel u Leit, déi vum Kulturpass profitéieren, extrem zougeholl. D'Offer ass awer och geklommen.
Zanter 15 Joer gëtt et de Kulturpass, mat deem Leit, déi hei am Land a Prekaritéit liewen, gratis an ënnerschiddlech Muséeë kënne goen a fir 1,50 Euro u Concerten, Festivallen oder anere Spektakele kënnen deelhuelen.
2010 gouf de Kulturpass vu Cultur'all lancéiert. Zanterhier huet d'Prekaritéit zu Lëtzebuerg zougeholl. Zejoert hunn dem Statec no 18,1 Prozent vun de Residenten ënnert der Aarmutsgrenz gelieft. Ënner anerem dee Facteur spigelt sech och an de Chiffere vum Kulturpass erëm. 2022 goufe ronn 3.000 Kulturpäss ausgestallt, zejoert waren et der iwwer 5.500. De Problem vun der Aarmut wier dem Luis Santiago vun der Ekipp vum Kulturpass no awer net just, datt ee manner Suen huet, mee och d'Nieweneffekter dovunner:
"Isolement. Et fillt ee sech ausgeschloss, jugéiert. An all déi Nieweneffekter wëlle mer bekämpfen, mee do musse mer eis Moyene ginn an, jo, effektiv ee Kulturpass ass elo kee finanzielle Moyen, mee et gëtt engem Accès zur Gesellschaft. Dass ee fillt, dass ee kann awer matmaachen an net, 'Ah okay ech hunn net genuch Suen an däerf ech net méi en Deel vun der Gesellschaft sinn.'"
Eligibel fir e Kulturpass si Leit, déi eng Allocation de vie chère kréien an déi eng Primm Energie vum Fonds National de Solidarité kréien. Zanter dësem Joer och d'Leit, déi de Revis kréien:
"All Demandeur de protection internationale, all Bénéficiaire de protection temporaire. An dann hu mer d'Subvention pour ménage à faible revenu iwwert de CEPAS, am Secondaire. All Persoun mat engem Revenu pour personnes gravement handicapées, en RPGH. Op der Uni Studenten, déi de Food Vouchers oder den Hardship-fund hunn. An den SNJ, wa si mierken, dass hir Volontairen oder Au-pairen a schwierege Situatioune sinn, kréie se och de Kulturpass."
Och d'Unzuel un Ukrainer, déi zanter dem Ufank vum Krich op Lëtzebuerg komm sinn an e Kulturpass ugefrot hunn, wier héich, seet d'Marianne David. An da gëtt et awer nach e Facteur, dee bei der Hausse vun den Demandë matgespillt huet:
"D'Piscine Esch, déi hir Dieren opgemaach huet fir Kulturpass-Beneficiairen an do sinn och Leit. Mir wëssen, dass et Leit ginn, déi just komm sinn, sech de Kulturpass sichen, fir an d'Schwämm ze goen. Wat natierlech net de But primär ass vun deem, wat mer gären hätten. Mir hunn dann och natierlech erkläert, wat een alles ka mam Kulturpass maachen. Voilà, mir hunn all d'Informatioune mat op de Wee ginn an da gehofft, datt se dann awer och nach eppes aneschters maachen, wéi just an d'Piscine."
D'Diskussiounen iwwert e Sportpass sinn och souwuel duerch eng Question élargie vun der DP-Deputéiert Mandy Minella an der Chamber, wéi och duerch Gespréicher mam Sportminister Georges Mischo lancéiert, an de Luis Santiago hofft, datt et do gläich méi konkret gëtt:
"A mir insistéieren drop, dass d'Rad net nei muss erfonnt ginn. Mir hunn ee Reseau, deen existéiert, dee fonctionéiert. A wat ech festgestallt hunn iwwert d'Joren, ouni de Reseau ass et just net méiglech. Am Ufank hu mer just gekuckt, dass de System geklappt huet. D'Leit kruten hire Kulturpass. Mee dat geet net duer. D'Leit fäerten awer, mengen et wier net hir Plaz. Vläicht ass do Sport nach méi einfach, mee an der Kultur muss en einfach, ausser de Präis, ginn et nach ganz vill Hürden. An dofir ass dat wichteg, dass deen, mir hunn dee Reseau elo, mir hunn d'Vertrauen a mir mussen en nächst dorop opbauen."
115 kulturell Institutiounen a 55 sozial Partner maachen aktuell beim Kulturpass mat. Dank enger Verdueblung vum Budget vum Kulturministère konnt d'Ekipp vum Kulturpass zwou weider Persounen astellen a sech eng nei visuell Identitéit ginn. "Let culture move you" ass d'Motto:
"Datt ee ka matmaachen, dass ee ka mat dobäi sinn, dass ee ka mat deelhuelen. Et ass e Recht an datt een duerch de Kulturpass d'Méiglechkeet huet, matzemaachen."
A weider Detailer zum Kulturpass, u wien ee sech genee riicht, wéi eng Etablissementer Partner sinn a wéi een d'Demande dofir mécht, fannt der ënnert www.kulturpass.lu eraus.