Oasis ass no 16 Joer Paus nees op Welttournée

© AFP
16 Joer laang hunn d'Oasis-Fans misse waarden, e Freideg den Owend war et souwäit.
D'Gebridder Noel a Liam Gallagher stoungen nees zesumme mat hirem Britpop-Grupp op der Bün. Den Optakt vun hirem gemeinsame Comeback war zu Cardiff a Wales virun 74.000 Leit. Dat éischt Lidd, wat gespillt gouf, war "Hello" aus dem Joer 1995.
Mam Optrëtt e Freideg goung eng grouss Welttournée un. An hirer Heemechtsstad Manchester an England spillen Oasis direkt fënnef Mol hannerteneen. Et sinn och Concerten an den USA, Japan, Brasilien an Australien geplangt. D'Tickete waren alleguer direkt ausverkaaft.
Oasis war 1991 gegrënnt ginn an 2008 goungen d'Gebridder Gallagher am Sträit auserneen. Enn zejoert hu si nees zesummefonnt fir hire Retour z'annoncéieren.
An da geet eng Ära am Metal op en Enn. Black Sabbath mat hirem Leader Ozzy Osbourne spillen e Samschdeg am englesche Birmingham hire leschte Concert. Et soll eng satanistesch Mass ginn, heescht et. D'Gruppe Metallica, Anthrax a Gojira trieden och op.