Vum 7. Juli bis de 5. Oktober sinn all d’Ausstellungen zu Arles ze gesinn.

Et ass déi 56. Editioun vum renomméierte Fotofestival zu Arles. De Festival weist d’Fotografie an all senge Formen, ob dokumentaresch, historesch, zäitgenëssesch oder fiktiv. Dëst Joer stinn Australien a Brasilien méi am Fokus. Zwee Länner, déi historesch a politesch extrem kontrasträich sinn.  
 
D’Lëtzebuerger Artiste stelle bis op eng Ausnam ëmmer an der Chapelle de la Charité aus. Der Carine Krecké hire Projet "Perdre le nord" gëtt dëst Joer hei gewisen. Hir Aarbecht befaasst sech am Allgemenge mat Theme wéi Masseniwwerwaachung, Krich, Gewalt an Terrorismus.

Am Juni 2018 stéisst d’Carine Krecké duerch Zoufall op eng Serie Fotoen op Google Maps, déi d’Zerstéierung vun der Stad Arbin bei Damas weist. Doropshi beschäftegt sech d’Kënschtlerin obsessiv wärend 6 Joer mam Krich a Syrien. Si sicht wéi verzweiwelt no méi Informatiounen an dréngt déif an offiziell Netzwierker, Foren an all Aart vun Austauschplattformen an.

D’Carine Krecké erfuerscht d’Geschichte vun tragesche Schicksaler. Investigativ an analytesch huet d’Kënschtlerin geschafft, fir aus der Mass vun Informatiounen alles ze iwwerpréiwen. Hyperinforméiert an ouni hire kritesche Bléck ze verléieren, ass si wéi hypnotiséiert vun de Biller an de Geschichten, wou Realitéit an Halluzinatioun verschmëlzen.  
 
D’Ausstellung "Perde le nord" gëtt esou en Espace, wou déi Tensioun tëschent dem Reellen an der Representatioun zesummekommen. Déi gesammelten Dokumenter, d’Erzielungen, a visuell Fragmenter interagéiere mat der Architektur vun der Kapell. D’Ausstellung invitéiert een dozou, eise Rapport zu den Informatiounen ze iwwerdenken.