Um 18 Auer war den Optakt vum laange musikaleschen Samschdeg den Owend.

Mat verschiddene Genre vu Blues an Jazz sollen d’Leit gelackelt ginn: vu Pop, Rock, Hip Hop, Soul, ass alles mat dobäi. A Clausen, am Pafendall, an am Gronn kënnen d’Leit eng grouss Unzuel vu musikaleschen Optrëtter bis an d’Nuecht era genéissen.

Esouwuel bannen ewéi och bausse si Bünen opgeriicht, wou international an national Kënschtler hiren Optrëtt hunn. Ënnert anerem am Café des Artistes, am Scott’s Pub, am Melusina an an der Abtei Neimënster kann de Public ganz an d’Welt vum Blues an Jazz andauchen.

Deel vum Line-Up si Gruppen ewéi Veda and the String Machine, Radiohop, Horseblinders, Adi Oasis, Thunder Road, Bmad, an nach vill méi.

 De komplette Programm fannt dir hei.

Blues&Jazz-Rallye
Um 18 Auer war den Optakt vum laange musikaleschen Samschdeg den Owend.