D'Escher Gemeng huet zesumme mat de Pensionnairen aus dem Altersheim "Op der Léier" e Projet lancéiert, deen d’Vergaangenheet vun der Minettmetropole, soll dokumentéieren.

D’Resultat ass, zwee Joer drop, eng Ausstellung mat Fotoe vu Gebaier, déi haut zwar net méi stinn, mee deenen hir Geschicht duerch déi perséinlech Erënnerunge vun den Escher erëm lieweg gëtt.

Aérodrome, Al Gare, Château Berwart, Nouveautés Palace…

D’Fotothéik wäert mam Departement vum Patrimoine Historique et Industriel op d’Nummer 1, Avenue des Terres-Rouges, an dat aalt Direktiounsgebai vun "Arbed-Mines" plënneren. De Public kritt deen Ament och Accès op d’Archiven.

D’Ausstellung geet bis Enn August   

Mat Chance begéint de Visiteur an der Entrée vum Haus engem Pensionnaire, dee Loscht huet, seng Erënnerung am Zesummenhang mat där enger oder anerer Foto ze deelen.

Déi nei Fotothéik vun der Gemeng wäert weider Biller sammelen a se no Kategorie klasséieren. Dofir och hir Opfuerderung un d’Leit, hir al Fotoe vun Esch op kee Fall ewech ze geheien, mee hinnen z’iwwerloossen. Se wiere wichteg Temoignagë vun der Vergaangenheet vun der Minettmetropole. Geplangt si weider Ausstellungen, déi och a Schoule sollen organiséiert ginn.