Hannert de Kulisse beim Tournage vun der Serie "Droneland"
Vu Fotoe bei de Film: där gi jo méi dacks hei am Land gedréit, esou viru Kuerzem och hei bei eis am Haus: de Filmset fir d’Serie "Droneland" war an den RTL-Studioen installéiert.
D’Serie ass vun IRIS Productions Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat däitschen, hollänneschen, a polnesche Produzenten entstanen. An den Haaptrolle gesäit een den däitsche Schauspiller Oliver Masucci zesumme mam Sophie Mousel. Awer och aner Lëtzebuerger Acteure sinn dobäi wéi de Marc Limpach, de Jules Werner an d'Astrid Roos. D’Julie Thilges konnt d'Dréiaarbechten bei eis am Haus suivéieren.
Baséiert um Roman "Drohnenland" vum Tom Hillenbrand, dréit et sech an der Serie ëm e futuristescht Europa, an deem d’Awunner konstant mat Dronen iwwerwaacht ginn. Eng Dystopie, an där och Noriichtesitten an Talk Shows produzéiert ginn. En Element an der Serie, wou d’RTL-Studioen an den Asaz koumen, wéi den Nicolas Steil, Showrunner an delegéierte Produzent erkläert.
"Ech muss soen, wa mir dat do hätte musse bauen, dat hätt net an de Budget gepasst. Dat wier absolutt onméiglech gewiescht. Ouni d'Kooperatioun mat RTL, also RTL keeft jo och de Programm, ass Co-Produzent vum Programm. An dat huet eis immens gehollef, fir an den zwee Studioen ze dréien, parallel, mat zwou Unitéiten. Engem éischte Studio – Kloertextstudio – eng an dësem Studio, et war déi eenzeg Méiglechkeet, fir an de Budget eranzepassen."
E Budget vun iwwert 15 Milliounen. 53 Dréideeg a 4 Länner: Lëtzebuerg, Polen, Däitschland, Holland. Ma och virun den Dréideeg gouf scho vill Zäit an de Projet investéiert, erzielt de Pierre Majerus, Co-Auteur.
"De Schreifprozess huet fir mech relativ laang gedauert, ech sinn dräi an en halleft Joer drop. Am ganzen, wann ee kuckt, wéini mer d’Rechter ongeféier vum Buch haten, wäerten et herno, wann et erauskënnt, bal 10 Joer sinn. Et muss net ëmmer esou laang sinn, mee an dësem Fall huet et esou laang gedauert. Déi dräi an en halleft Joer huet sech ganz vill geännert, ganz vill gemaach. An et war virun allem d’lescht Joer, dat ganz intensiv war."
Lëtzebuerger Schauspiller si mat um Dréi bedeelegt; ënnert anerem d’Fabienne Hollwege, déi hei hire leschten Dréidag hat:
"Wéi ech d’Dréibuch gelies hunn, war dat impressionant, dass déi ganz Inhalter guer net wäit fort vun eis sinn. An dat war dat Impressionnantst fir mech. An och de Charakter vun der Elodie Defère, wou ech gelies hunn, an déi mech och total gereizt huet, faszinéiert huet, fir wéi eng Wäerter si steet, wou si sech asetzt."
Zwee Deeg laang gouf bei RTL gedréit, déi nächst Etapp ass Amsterdam. Am Hierscht 2026 soll d’Serie da verëffentlecht ginn.