Den Terence Stamp ass am Alter vu 87 Joer gestuerwen. Dat deelt seng Famill mat.

Seng Karriär huet an de 60er Joren ugefaangen, wou hie fir seng Nieweroll am Film "Billy Bud" (1962) fir en Oscar nominéiert gouf. Fir den nämmlechte Film gouf hien ausserdeem mat engem Golden Globe ausgezeechent. 1965 gouf hie fir seng Roll am Film "The Collector" um Cannes Film Festival präméiert.

Bekannt ass hien awer och fir seng Roll als "General Zod" an de Superman-Filmer vun 1978 an 1980. Och am Film "Star Wars: Episode I – The Phantom Menace" vun 1999 hat hien eng Roll.

Hien huet mat ville bekannte Regisseuren zesummegeschafft, dorënner dem Federico Fellini an dem Pier Paolo Pasolini.