Éisträichesch Kënschtlerin Claudia Larcher mat Expo "Floral Fiction" zu Clierf
Ëmmer méi Artiste schaffe mat der kënschtlecher Intelligenz an notzen déi als e Geschier fir ze schaffen.
Wat op den éischte Bléck wéi zoufälleg zesummegestallte Blummebouqueten ausgesäit, ass a Wierklechkeet eng präzis konstruéiert Kompositioun. D’Kënschtlerin Claudia Larcher gräift an hirer Serie "Still Life 3000" eng Traditioun op an transferéiert se an digitaalt Zäitalter. Doduerch huet si futuristesch Stëll-Liewen erschaf, déi souwuel Natur an Technologie souwéi Konscht a Konsum matenee verschmëlze loossen.
Bei den Ursprongsbiller handelt et sech ëm d’Wierker vun der hollännescher Molerin Rachel Ruysch, déi am 17. an 18. Joerhonnert bekannt war fir hir Blumme-Stëll-Liewen. An der Claudia Larcher hirer KI-generéierter Neiinterpretatioun ginn déi original Motiver duerch zäitgenëssesch oder futuristesch Objeten a Formen ersat.
E Vanitas-Stëll-Liewe ass voll mat Symboler, déi un d’Vergänglechkeet vum Liewen erënneren. Eng Sandauer gëtt hei duerch eng Aart Rolex ersat. D’Claudia Larcher spillt domadder a verweist och op déifgräifend Theme wéi de Klimawandel, d’Aartestierwen an d’Benotzen an d’Fiddere vun der KI. An och d’Konschtgeschicht an hir Vermëttlung ass e
wichtegt Thema.
D’Ausstellung beweegt sech tëschent der Realitéit an der Simulatioun. Eng digital Äntwert op eist Zäitalter, wou Plastik a Konschtmaterialien omnipresent sinn. D’Expo kann een nach bis den 28. September an d’Brauhaus op Klierf kucke goen.