Um Dënschdeg den Owend war d'Avant-Première vum Andy Bausch sengem neie Fiktiounsfilm "Rusty Boys".

No de Succèse vun de Kultfilmer "Troublemaker" oder "Club des chômeurs", ass och "Rusty Boys" eng Komedie, déi an engem typesch Lëtzebuerger Kader spillt an en eescht Thema mat Humor awer och Melancholie upéckt.

Et geet ëm eeler Herrschaften, déi aus dem Altersheim wëlle fort an eng eegen Alters-WG wëlle grënnen. Et ass e Film, dee vrun allem duerch d'Leeschtung vu sengen Haaptacteure lieft. Mat 86 Joer ass de Pol Greisch deen Eelsten.

AUDIO: Den Acteur Pol Greisch
AUDIO: Den Acteur André Jung
AUDIO: Den Acteur Marco Lorenzini

Vun e Mëttwoch u leeft de Film am normale Kinosprogramm un.

Vill flott Fotoe vun der Soirée vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu

AUDIO: Rusty Boys: Reaktioune vun de Leit

RTL war schonns beim Tournage derbäi a konnt hannert d'Kulisse kucken.

Reportage: Rusty Boys - et ass souwäit!
Haut ass d'Avant Premiere vum neie Lëtzebuerger Film.