
Den Eric Thill war den 11. Abrëll Invité an der RTL-Sendung Background. Do goung et ënnert anerem och ëm d'Probleemer mat der Klimaanlag an der Ausstellung. Den Eric Thill sot am Gespréich, "datt do verschidde kritesch Wäerter zu minimalen Zäitpunkten iwwerschratt goufen. Sou. Dat ass an deem Sënn awer net weider schlëmm, wann déi kritesch Wäerter net iwwert e längeren Zäitraum iwwerschratt ginn. Dat war hei de Fakt. Dat ass geschitt. Do ware Minutten, wou dee Wäert iwwerschratt ginn ass. Dee kritesche Wäert. A wou mer elo natierlech eis Gedanke maachen, datt dat doten net méi ka geschéien.”
Family of Man: Prezisioune vum Michèle Sinner
De Kulturminister hat weider erkläert: “Ech ginn déi Informatioune weider, déi ech vu mengen Experten aus dem CNA kritt hunn. Ech selwer sinn als Kulturminister net Heizungstechniker oder och Spezialist, wat d'Klimaanlagen ugeet. Voilà, dat ass dat wat ech Iech haut hei ka soen.”
A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Stéphanie Weydert a Jean-Paul Schaaf hat de Minister Uganks Mäerz erkläert, “bei der Maintenance vun der Klimatisatioun am Juli 2025 gouf bestätegt, datt ee vun den zwee Kompressere vun der HVAC-Anlag defekt an net reparabel war. De 25. Juli 2025 goufen zousätzlech véier Entfiichter installéiert, fir d’Hygrometrie weider ze stabiliséieren, an et gouf e verstäerkte Monitoring agefouert, fir all Schwankung direkt kënnen ze dokumentéieren an ze analyséieren.”
Den 11. Mäerz war de Minister zesumme mam CNA-Direkter Gilles Zeimet an der Kulturkommissioun vun der Chamber. Déi Sitzung gouf wéinst engem technesche Probleem net live iwwerdroen. Ma do hat den CNA-Direkter erkläert, datt déi kritesch Wäerter just wärend e puer Deeg iwwerschratt goufen, wéi de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk seet:
"Hien huet an där Kommissiounssëtzung behaapt, datt et just ee liichten Depassement vun de Wäerter wärend aacht Deeg ginn ass.” Dobäi hat sech de Gilles Zeimet op eng Moyenne vun allen Ausstellungsraim zesummegerechent bezunn.

Ma wat sinn iwwerhaapt d'Richtlinne fir d'Conservatioun vun de Fotoen? Am Summer soll d'Temperatur an de Raim vun der Expo 20 Grad an d'Loftfiichtegkeet 50 Prozent sinn. Am Wanter sollen et 18 Grad sinn. Dobäi si Schwankungen an der Temperatur vun iwwert en Dag gekuckt engem Grad no uewe respektiv no ënnen erlaabt. D'Loftfiichtegkeet kann iwwer 24 Stonnen ëm fënnef Prozentpunkten no uewen oder ënne variéieren. Esou wuel d'Loftfiichtegkeet an d'Temperatur an den Ausstellungsraim ginn Dag a Nuecht permanent gemooss an all hallef Stonn festgehalen. A verschiddene Raim ginn et esouguer multipel Miesspunkten.
RTL huet antëscht d'Miessungen aus der Ausstellung vu Juni 2025 bis Mäerz 2026 inclus – Honnertdausende Miesswäerter - selwer konnte kontrolléieren*. Aus der Auswäertung ergëtt sech en anert Bild, wéi dat, wat den CNA-Direkter Gilles Zeimet an der Chamber ginn hat. Zwar goufen, wann een d'Moyennë vun alle Säll kuckt, d'Limitten effektiv just wärend e puer Deeg iwwerschratt. Ma déi Moyenne seet näischt aus, oder schlëmmer, si verstoppt déi reell Situatioun an deenen eenzele Raim, an domat d'Conditiounen, deenen d'Fotoen do tatsächlech ausgesat sinn. An deenen eenzele Säll gouf et nämlech deels grouss Iwwerschreidunge vun de Limitten an dat och iwwert länger Zäitraim. Eise Berechnungen no gëtt et bal kee Raum an der Expo, an deem d'Limitten net iwwerschratt goufen – souguer wa mir d'Moyennë vun de Capteuren aus engem Sall huelen, wéi d'Grafik 1 weist.
Am Sall 0607 loung d'Loftfiichtegkeet zum Beispill op 95 Deeg iwwert den ieweschte Limitten (Grafik 3). An dësem Raum koum et reegelméisseg zu Spëtzen iwwer 70 Prozent Loftfiichtegkeet. De 25. Juli, deen Dag, wou dem Minister no d'Entfiichter an d'Expo bruecht goufen, ass se viru Mëtteg op bal 80 Prozent geklommen (Grafik 2). Quasi tropesch Zoustänn - an dat ass de Probleem: Bei esou héijer Loftfiichtegkeet quëllt d'Gelatine op de Fotoen, respektiv et ka sech Schimmel bilden.
Anert Beispill: de Sall 10 de leschte Juli. De Miesspunkt 6 weist do wärend Deeg eng Loftfiichtegkeet, déi guer net méi ënner de maximale Seuil fält. (Grafik 4) Vum 13. Juli u bleift se bis den 18. Juli iwwert 55 Prozent, ier se wärend e puer Stonnen abrupt fält – Ee Muster, wat sech an den Deeg dono widderhëlt. Dobäi sinn och abrupt Schwankunge schlecht fir d'Fotoen, well doduerch d'Material uséiert.
Ma d'Exploitatioun vun den Donnéeë weist och, datt et Probleemer mat de Miessunge gouf. Heiansdo weisen d'Capteure wärend Stonnen exakt déi nämmlecht Valeuren un, wéi zum Beispill am Sall 3, wou de Sensor vu Moies 10 Auer un hänke bliwwen ass (Illustratioun 5). En Indice, datt eppes net stëmmt an datt dee Moment keng Kontroll vun de Bedingungen do war.

Insgesamt ass et awer esou, datt d'Bedéngunge konstant gemooss goufen. An och am Juni gouf et schonn a verschiddene Säll considerabel Derapagen. D'Fro ass deemno éischter, wéi déi Donnéeë verschafft a kontrolléiert goufen.
D'Auswäertung weist op jidder Fall kloer an däitlech: dovun, datt d'Seuile just wärend "Minutten" iwwerschratt gi wären, wéi den Eric Thill an der Emissioun Background gesot hat, kann iwwerhaapt keng Rieds sinn. Zu där Conclusioun war déi lescht Woch och d'Tageblatt scho komm.
Dobäi hat de Minister d'Donnéeë ganz sécher zur Verfügung, ier hien an d'Sendung Background komm ass. De Marc Baum hat se iwwert eng Demande d'Accès aux documents beim Ministère ugefrot. Hie krut se virun der Sendung vum Ministère zur Verfügung gestallt. Deemno hätt och de Ministère d'Méiglechkeet, d'Donnéeën ze analyséieren – sou wéi d'Journalisten, respektiv den Deputéierte Marc Baum. Nodeems hien d'Miessunge konnt kucken, sot hien RTL:

“Eng Conclusioun ass fir eis op jidder Fall, datt no enger éischter Analys vun deenen Donnéeën, déi mer kritt hunn, wat der enorm vill sinn, wat awer och gutt ass, ass déi, datt den Direkter vum CNA an der Kommissiounssëtzung, déi mer d'lescht Kéier haten, net d'Wourecht gesot huet.”
Dofir hunn déi Lénk nach eng Reunioun vun der Kulturkommissioun ugefrot. E Mëttwoch de Mëtten um 14 Auer geet also nach emol iwwert de CNA an d'Ausstellung The Family of Man rieds.
*RTL huet d'Donnéeë mat Hëllef vu Claude AI ausgewäert, mä all Resultater goufe vun de Redakteren op Basis vun de Bruttodate kontrolléiert.