
Dat am Finanzsecteur a bei internationalen Affekotecabineten. Als lescht huet si fir d’Direction de la Defense geschafft, wou se ënnert anerem Nato-Dossierë suivéiert huet.
Hir Nominatioun géing de Wëlle vum Ministère ënnersträichen, dem gréissten Kulturinstitut am Land eng zolidd Gouvernance ze ginn, déi den aktuellen Enjeuen ugepasst wier, esou de Kulturminister Eric Thill an engem Communiqué.
Si géing zousätzlech Kompetenzen an d’Direktioun vum Musée bréngen an d’Struktur stäerken, fir datt déi hir Missiounen kéint erfëllen.
Virun zwee Joer hat d’Tania Brugnoni de Michel Polfer un d'Spëtzt vum Musée ersat. Mat hir war och de Régis Moes als Sous-Direkter genannt ginn.
D’Berglind Fridriks war 2020 Gerante vum Lëtzebuerger Max-Planck-Institut ginn, nodeems do Mobbing-Virwërf an Managementprobleemer bekannt gi waren. 2023 gouf de Max-Planck-Insitut zougemaach an an d’Uni integréiert.