
Am Mëttelpunkt vum Owend stoung natierlech de Laureat Ian de Toffoli, deen de Präis fir säi Buch "Léa ou la théorie des systèmes complexes" entgéintgeholl huet. E bësse krut hien awer d'Show geklaut... den heemleche Star war déi imposant Bluttbich am Park vum Servais-Haus, e sougenannten "arbre remarquable" vun iwwer 150 Joer, an dem sengem Schiet d'Hëtzt op d'mannst z'erdroe war.

Dat passt, well am Ian de Toffoli sengem Buch geet et engersäits ëm d'Léa, e jonkt Meedchen, dat sech net esou einfach mat Ëmweltkatastrophen a Klimawandel offanne wëll. Anerersäits gëtt d'Geschicht vun enger US-amerikanescher Pëtrols-Dynastie erzielt, fir déi de Profit virun der Ëmwelt kënnt. "Léa ou la théorie des systèmes complexes" gouf vum Renelde Pierlot an dem Ian de Toffoli och als Theaterstéck inzenéiert. Iwwerhaapt ass den Text, dee beim renomméierte franséische Verlag Actes Sud an der Serie "Au Singulier " erauskomm ass, schwéier ze definéieren. En Theaterstéck, e Chant Littéraire, alles dat, an awer liest et sech wéi e Roman. Schwéier ze faassen, ass och d'Komplexitéit vun dem System an dem d'Léa evoluéiert. Seng Roserei riicht sech géint de System - an awer ass hatt selwer en Deel dovun. Eng gewëss Roserei war och an der Ried vum Laureat ze spieren. "L'habitabilité de la terre" - eng Äerd, déi nach bewunnbar ass, dat sollt eigentlech déi zentral Valeur vum 21. Joerhonnert sinn, den Narrativ vun deenen, déi iwwer eis decidéieren, ass awer dacks en aneren. De Ian de Toffoli gesäit säi Buch als eng "Gifle littéraire", déi eis all aus eiser Lethargie erwäche soll.

D'Laudatio gouf vum Ian de Toffoli senger Verlegerin, der Claire David, gehalen. D'Directrice vun der Collection Actes Sud-Papiers. Si erzielt, dass d'Decisioun, dem Ian de Toffoli säi Buch ze publizéieren, séier getraff war. Den Text, dee jo och am Frankräich als Theaterstéck opgefouert ginn ass, schéngt op den éischte Bléck komplex, ass awer ganz accessibel:
Claire David: "Il y a une densité à la fois par le croisement des différentes histoires à l’intérieur, qui, même si on pourrait penser ça complexe d’un point de vue dramaturgique, en fait ça ne l’est pas. Très vite, on comprend les liens entre cette double histoire, entre l’activiste et entre la dénonciation d’un système industriel pétrolier."

Si huet sech och eng Freed draus gemaach, op Miersch ze kommen, fir hei d'Luefried ze halen:
Claire David: "C’est un grand privilège d’être invitée en tant qu’éditeure parce qu’on aime en francophonie travailler au niveau européen aussi et recevoir ce prix sur ce texte pour Ian de Toffoli je pense que c’est très très important pour la continuité de son œuvre. Parce qu’il faut avant tout qu’il continue à dénoncer le grand capital et puis d’autres choses aussi. C’est un auteur qui fait du théâtre documenté et non pas du théâtre documentaire. C’est-à-dire qu’il s’inspire du réel pour en faire des fictions et ça c’est fondateur, ça nous ouvre le regard, ça nous permet de voir plus loin."


D'Jury vum Prix Servais 2026: M. Sébastian Thiltges (président), Mme Fabienne Gilbertz, Mme Danielle Igniti, Mme Ludivine Jehin, M. Henning Marmulla, Mme Diane Neises, M. Jérôme Netgen, Mme Aimée Schultz et Mme Tamara Sondag (membres).