De Grupp vu Gaukeler, d'Saltimbanques op der Theaterplaz an der Stad, ass ee vun de Beispiller vun der Kreativitéit vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Benedicte Weis.
Niewent weideren Aarbechten, déi een an der Gemeng Hesper kann entdecken, stécht virun allem awer der Sculptrice hir Interpretatioun vun der Grande-Duchesse Charlotte ervir, eng Skulptur, déi fir de Public leider net esou einfach accessibel ass, well se am Hall steet vum ale Spuerkeessgebai op der Place de Metz D'Monique Kater iwwer eng Fra, där hiren Numm de Liibhaber vu Lëtzebuerger Bildheeërei a Molerei, ouni Zweiwel, e Begrëff ass.

D'Grande-Duchesse Charlotte, sou wéi d'Benedicte Weis dës Grande Dame gesinn a 1990 fir e Concours, a Bronze realiséiert huet. D’Skulptur steet an der Entrée vum ale Spuerkeessgebai, op der Metzer Plaz. D’Bank huet d’Skulptur kaf an domadder eise Staatsrot inspiréiert, deen e Joer drop de Buste bestallt huet.

Der Benedicte Weis läit d'Kreativitéit am Blutt, vu klengem un hätt si dat gemaach, wat si wollt maachen, erzielt si, hiert Kënschtlerin-Sinn gelieft. Doheem lieft déi gebierteg Stater mat hirer Konscht, a virun allem an hire Faarwen.
Schonn als Kand hätt si hir Kreativitéit ausgelieft. Als jonk Fra realiséiert d'Benedicte Weis hir gréisst Aarbecht a wënnt domadder e Concours: den Objet steet op der Theaterplaz... 40 Joer hier wier dat, eng Aarbecht fir déi si an Italien en Atelier gelount hat.
D'Saltimbanques – Feierspäzer, Museker, Dänzer, sti fir eis Stad vu fréier, a passen, schonn eleng duerch hiren Numm, op d'Theaterplaz. 1987 huet d'Artistin se designed. '95 dunn, am Kulturjoer, war d'Benedicte Weis en Deel vun der Ausstellung vun der Hesper Gemeng. Déi plangt iwwregens eng Retrospektive. Dëst Wierk stoung op där anerer Säit vum Park, krut elo eng frësch Couche Faarf an eng fuschnei Plaz, nieft der Schoul.

Hesper gefält dee Stil, d'Gemeng integréiert dat organescht esouguer an d'Decisiounen, oder loosse mer soen an d'Diskussioune vum Gemengen-, a Schäfferot! De Konschtinteressi geet zréck op déi fréier Buergermeeschtesch Marie-Thérèse Gantenbein, a bleift Deel vun der Kulturpolitik vun der Gemeng – enger Gemeng, déi sech zënterhier verännert hätt, gewuess wier, wéi eng Blumm mat hire Blieder, déi d'Uertschaften duerstellen, explizéiert déi aktuell Buergermeeschtesch Diane Adehm.
D'Benedicte Weis lieft an dëser Gemeng, gehéiert mat hiren Aarbechten, dozou. Ganz am Ufank hätt si méi am Figurative geschafft, dunn abstrakt an dono war et dat Organescht. Zefridde wier si ni gewiescht, erkläert d'Artistin, déi no Ofwiesslung gesicht huet an dofir Skulpture gemaach mee och gemoolt huet.
D'Benedicte Weis steet fir eng Generatioun Kënschtler, déi hir flott Iddien net nëmmen denken, mee och selwer konschthandwierklech ëmsetze kënnen. Ënnert de Sammler vu Lëtzebuerger Patrimoine gëtt et wuel kaum een, ouni e Benedicte Weis a senger Collectioun.

Rectificatif: D'Gaukler op der Theaterplaz waren den 12. Abrëll 2026 am Reportage "Lofy’s Place" gewise ginn. Mir präziséieren heimadder, dass d'Wierk Saltimbanques vun der Benedicte Weis realiséiert ginn ass.