"Common Ground" ass den Titel vun dëser Triennale Jeune Création. Am Vierdergrond soll virun allem déi sougenannten Underground-Kultur stoen, also alles dat, wat soss oft an der Gesellschaft ënnergeet. D'Curateure vun dëser Editioun a kreativ Käpp hannert der Kënschtlerplattform La Concierge, déi dës Editioun vun der Triennale organiséieren dierf, d'Liliana Francisco an de Steven Cruz, si selwer vill an auslänneschen Underground-Zeenen ënnerwee, erzielt d'Liliana Francisco:
"Bei Common Ground war d'Inspiratioun haaptsächlech, dass mer underground night life feieren. Dat ass eppes, wat net wierklech present zu Lëtzebuerg ass. Mir hunn éischter méi kommerziell Platzen. (...) Souwuel de Steven, wéi och ech sinn duerch eis Erfarung am Ausland, sief et duerch de Studium oder einfach duerch Reesen, ëmmer op Platze gaangen, déi e bësse méi underground sinn, dat heescht Platzen, déi self-managed sinn an net wierklech kommerziell. Mir hunn awer fonnt, dass et dee Manque hei zu Lëtzebuerg gëtt an et wier flott, déi Community hei ze rekreéieren."
Déi jéngste vun 20 Kënschtlerinnen a Kënschtler op der 6. Triennale Jeune Creation ass d'Marie Thill. D'Molerin schafft virun allem am Groussformat an huet och elo fir dës Ausstellung e grousst Bild produzéiert. Hiert Wierk weist eng Persoun an enger waasseränlecher Substanz. D'Kënschtlerin huet sech heifir mam Konzept vun der Identitéit beschäftegt an dat versicht, ze vermëttelen. Fir d'Bild net einfach, wéi gewinnt un eng Mauer ze hänken, huet d'Marie Thill sech eppes Extraes ausgeduecht. D'Bild gëtt virun e schwaarze Rideau gehaangen a vun hanne beliicht.
Och d'Fotografie dierf op der Triennale net feelen. De Pit Reding ass ee vun e puer Fotografen, déi dëst Joer hei ausstellen. Den Ament beschäftegt hie sech a sengen Aarbechte besonnesch mam männleche Kierper a virun allem mat deene Kierperen, déi net der allgemenger Norm entspriechen. Hie sicht iwwert den Internet no Leit a fotograféiert dës am léifsten dobaussen an der Natur. D'Iddi dohannert wiert et, sech a sengem eegene Kierper wuel ze fillen a Visibilitéit fir bestëmmte Kierperformen ze schafen.
D'Roxanne Kisiel schafft donieft am Medium vun der Installatioun. D'Kënschtlerin, déi normalerweis am Drock, mat Toun oder Stoff schafft, stell op der Triennale eng wäiss Keramikskulptur mam Titel "colonne végétale" aus, déi an der Loft schwieft a just mat dënnen Dréit um Plaffong befestegt ass. Et wier eng ustrengend a laang Aarbecht, fir dës Skulptur opzeriichten. All eenzelt Element gëtt per Hand op den Drot gezunn an duerno gëtt dee fäerdege Projet virsiichteg an d'Luucht gehuewen.
De Vernissage vun der Triennale Jeune Création ass e Freiden den Owend um 18 Auer an déi ganz Ausstellung ass bis den 30. August an de Rotonden z'entdecken. Wären dem Vernissage an och op verschiddenen aneren Owender, ginn ausserdeem am Kader vun der Expo Concerten organiséiert. Méi Informatioune fannt Dir hei.