Mat sengem Fënsterprojet "CeCiL’s Box", presentéiert a valoriséiert de Cercle Cité d'Aarbecht vun opstriewende Kënschtler a Kënschtlerinnen. All dräi Méint kritt een aneren d'Méiglechkeet, eng Fënster op der Säit vum Gebai anzeriichten.
Fir déi mëttlerweil 40. Editioun vun der CeCiL’s Box huet de Cercle Cité d’Kënschtlerin Sarah Schleich invitéiert, fir déi berüümte Fënster anzeriichten. Hei fënnt een elo Lametta, dee sech duerch d‘Loft beweegt a faarweg an der Sonn reflektéiert.
An der Mëtt steet d'Wuert „Breathe“, op Lëtzebuergesch „Ootmen“, wat och de Message vun dëser Aarbecht soll sinn, erzielt d’Sarah Schleich: "Vue dass et an de Méint vum Summer wäert gewise ginn, hunn ech d'Iddi och flott fonnt, dass een an enger Stad, wou een eigentlech net op d'Iddi kënnt, eng Kéier bewosst ze ootmen, eng Kéier duerch d’Aarbecht da villäicht op d’Iddi kënnt, stall ze halen, eng Kéier ze ootmen, sech d’Fro ze stellen, wéi fillen ech mech, wéi ass d’Temperatur, wéi fillt sech d’Loft un, richen ech eppes hei an de Stroosse vun der Stad? U sech geet et einfach drëm, d’Stad eng Kéier ze entschleunegen."
D’Kënschtlerin, déi zu Düsseldorf studéiert huet a laang am Ausland gelieft huet, schafft net oft an esou klenge Galerien. Dëse Projet war dofir eng Erausfuerderung. Et huet ee net vill Platz a virun allem och net vill Zäit, fir d'Fënster anzeriichten an do muss ee sech deene Konditiounen upassen, déi ebe gi sinn.
D’CeCiL’s Box vum Sarah Schleich ass bis de 6. September ze gesinn.