Am Casino 2000De Julien Strelzyk huet de Geck mat de Lëtzebuerger an de Fransouse gemaach

Raphaël Ferber
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Mat senger Show "France vs Luxembourg" gräift de Komedien Julien Strelzyk déi kleng Rivalitéiten an déi grouss Clichéen tëscht den Noperen un.

Lëtzebuerger a Fransousen am selwecht Raum zum Laachen ze bréngen an dat, andeem een hinnen hir eege Clichéë presentéiert, dat war d’Zil vun der Show, déi ronn 90 Minutte gedauert huet. Mat “France vs Luxembourg” huet de Julien Strelzyk sech genau dëst virgeholl. Et ass eng One-Man-Show, déi déi grenziwwerschreidend Rivalitéit an e grousst Spillfeld verwandelt.

Eng 500 Leit haten en Donneschdeg den Owend de Wee an de Casino 2000 fonnt, fir d’Show, déi den Ënnertitel “Villmools Merci huet”, ze gesinn. An d’Hallschent vun den Zuschauer koum aus Frankräich, déi aner aus dem Grand-Duché. Schéin hallef-hallef opgedeelt war u sech och dat, wat de Komedien sech erhofft hat. “Dat Geniaalt un dësem Owend ass de klenge Match tëscht Frankräich a Lëtzebuerg am Sall. Ech hunn als éischt d’Lëtzebuerger e bësse gezéckt a si hunn e bëssi gegrommelt, dono awer da gelaacht. An dono dat selwecht mat de Fransousen”, esou den Humorist. “Ech spillen awer net just eleng viru Lëtzebuerger oder viru Fransousen, dat hei ass dofir eenzegaarteg. Ech hat d’Gefill, datt sech e Match beim Laachen a bei de Reaktioune gebillt huet. Dat war schéin a besonnesch.

Als Invitéen op der Bün: Den Inspekter Capitani an de Mike Ross

Op der Bün huet sech de Julien Strelzyk e Spaass draus gemaach, fir op déi zwee Lager ze schéissen. An dobäi huet hien och ganz bekannte Clichéë genotzt: Zum Beispill dee vun de Fransousen, déi all Dag iwwert d’Grenz kommen, fir méi Suen ze verdéngen an dobäi awer stonnelaang am Stau stinn. Et ass eng Matière, déi de Komiker zanter Joren observéiert, dat duerch seng eegen Erfarungen awer och duerch säin Entourage. “Mat 18 Joer hunn ech zu Lëtzebuerg geschafft, hu mech awer séier nees zeréckgezunn, well ech keen Englesch schwätzen. Mä zesummegerechent war ech 18 Joer laang mat Frontalieren zesummen. Esou hunn ech ganz vill Saachen iwwer Lëtzebuerg an iwwer d’Frontaliere geléiert. Dat fiddert meng Show.

Direkt vun Ufank u war de Match lancéiert, dat och duerch d’Nationalhymnen. Bei der Lëtzebuerger zum Beispill hat hien d’Kreditkaart ganz no u sengem Häerz. Dono huet hie se dann e bëssen analyséiert, ewéi datt mer iwwer Flëss sangen, déi a Frankräich oder Däitschland entstinn. A bei de Frontalieren, déi hir Suen an de Grand-Duché bréngen.

E weidere Punkt, deen de Julien Strelzyk iwwert eis d’Land ameséiert, ass, wéi einfach d’Lëtzebuerger et sech maachen, fir Saachen en Numm ze ginn: D’Stad Lëtzebuerger fir eis Haaptstad, de Stade de Luxembourg fir de Futtball an iwwer eis 1.000 Zaldoten, als “Militaires”. Oder och nach iwwer d’Serie Capitani, wou den Held natierlech “Capitani” heescht.

Da gouf et zwee richteg Highlights um Owend. Eng Kéier, wéi de Luc Schiltz, also de Capitani perséinlech, op d’Bün koum a säin “Droits à l’image” reklaméiert huet. Dann awer och den Optrëtt vum Sänger Mike Ross. Dësen huet d’Lidd “Luxembourg” zum Beschte ginn, en R&B-Lidd wat e Land feiert, dat och “weess wéi ee feiert, Stëmmung mécht a Spaass huet”.

Dësen Optrëtt war fir de Julien Strelzyk e besonneschen. Zwar huet hien dëst Stéck schonn 18 Mol opgefouert, et war awer eréischt déi zweete Kéier am Grand-Duché. Déi aner Kéiere war et ënner anerem zu Metz, Diddenuewen oder an anere Stied an Dierfer un der Grenz.

“Ronn 2" schonn an der Virbereedung

“Et war e méi schwéieren Owend wéi soss”, seet den Humorist. Well net just hat hien Invitéen dobäi, mä den Owend gouf och nach opgeholl. “Mä alles ass gutt gelaf. Elo ass et an der Këscht”, erkläert hien. Den Owend wäert deemnächst op RTL Infos an RTL Play gewise ginn an den Humorist plangt och, fir eng DVD erauszebréngen. “Ech sinn net just viru Fransousen oder just viru Lëtzebuerger, dat ass eenzegaarteg. Ech hunn eben e Match beim Laachen a bei de Reaktioune gespuert, dat ass schéin an original”.

De Julien Strelzyk gesäit och schonn eng Suite. E “France vs Luxembourg - Round 2" ass an der Aarbecht mat der Ambitioun, nach méi wäit am Konzept ze goen. “Am Moment hunn ech eng 25 Prozent vum Stéck scho geschriwwen. Wichteg ass awer, fir verschidde Bléckwénkelen an Iddien ze hunn. Wa bis déi den éischten Datum fix ass, dann hunn ech méi Zäit, fir ze schreiwen, erkläert de Komiker. Test-Seancë sinn Enn Mäerz bis Juni geplangt, haaptsächlech zu Metz mä och mat engem Datum zu Lëtzebuerg, dat am Centre Culturel Altrimenti zu Hollerech. Vum September u wëll de Komedien a méi grousse Säll domadder optrieden.

Ech wëll hei méi sangen an och d’Spectateure bei enger Zeen oder an e puer Sketcher méi abauen”, huet hien zouginn. “Et seet een ëmmer, datt d’Fortsetzunge manner gutt ginn, mä ech mengen awer, datt ‘Round 2' besser gëtt, wéi déi éischt.”


Weider Artikelen iwwert de Julien Strelzyk op

Back to Top
CIM LOGO